
Dat huet dat Bayrescht Landesamt fir Ëmwelt matgedeelt. An der Grenzregioun zu Éisträich goufen deemno e Mëttwoch zwee doudeg an ee blesséiert Schof op enger Weed entdeckt. D’Verletzungen an d’Trëttspueren, déi ee gesinn hätt, “kënnen engem Brongbier zougeuerdent ginn”, heescht et weider.
Spezialiste vum Netzwierk “Große Beutegreifer” hu sech op der Plaz déi doudeg Déieren ugekuckt a genetesch Prouwe geholl. Och do heescht an an enger éischter Dokumentatioun, dass déi “äusserlech Verletzunge vun den Déieren an d’Pattespueren engem Bier zouzeweisen sinn”. Weider Erkenntnisser ginn elo aus der Analys vun de genetesche Spueren erwaart.
Reell e Bier gesinn oder een direkt begéint huet a Bayern bis haut nach keen. D’Landesamt huet virsiichtshallwer déi lokal Sécherheetsautoritéite kontaktéiert. “De Bier verhält sech bis ewell dem Mënsch géintiwwer schei”. D’Proprietäre vun Notzdéieren am Landkrees zu Éisträich sinn opgefuerdert ginn, hir Déiere méiglechst nuets anzespären a Schutzmoossnamen z’ergräifen.
Am Netzwierk “Große Beutegreifer” (Luchs, Wollef, Bier) schaffe Benevoller un enger fachgerechter Dokumentatioun vun Hiweiser wéi Spueren oder wann Déiere gerass ginn.
E Méindeg den Owend schonn hat dat Bayrescht Landesamt fir Ëmwelt matgedeelt, dass an de Landkreeser Miesbach a Rosenheim leschte Weekend, no un der Grenz zu Éisträich, Pattenofdréck vun engem Brongbier am Schnéi entdeckt gi wieren. De leschten Hiweis op e Bier gouf et d’lescht Joer am Summer, och a Bayern. Am Gebitt tëscht Reutte am éisträichesche Bundesland Triol an dem Landkrees Garmisch-Partenkirchen souwéi Bad Tölz a Wolfratshausen goufen Hiweiser op e Brongbier confirméiert.
Déi nächst Bierepopulatioun lieft dem Landesamt fir Ëmwelt no am italieeneschen Trentino, ronn 120 Kilometer vu Bayern ewech. Do war viru kuerzem en Jogger duerch e Bier déidlech blesséiert ginn. Eng Bieren-Damm mam Numm JJ4 soll den Jogger gegraff hunn a gouf an der Nuecht op en Dënschdeg agefaangen. Op Wonsch vun den Autoritéiten zu Trentino am Hibléck op “d’Erhale vun der ëffentlecher Gesondheet a Sécherheet” soll d’Déier ageschléifert ginn. E Verwaltungsgeriicht zu Trient hat d’Decisioun temporär nach blockéiert kritt.
E männleche Bier mam Numm JM5, deen ee Mount virdrun en aneren Jogger op engem Trëppelwee ugegraff an um Aarm a Kapp blesséiert hat, soll och ageschléifert ginn.
D’Bierepopulatioun ronderëm Trentino gëtt op ronn 120 Déiere geschat. E Freideg ass zu Roum en Treffen tëscht den Deputéierten aus Trentino an dem italieeneschen Ëmweltminister Gilberto Pichetto. Do soll e Plang ausgeschafft ginn, fir Dosende Bieren ëmzesidelen. Onkloer ass, wouhin.