
No enger kuerzer Recherche hunn d’Beamten erausfonnt, datt dat ominéist Déier e Stachelschwäin ass, wat aus engem Zirkus, deen eréischt kierzlech an der Stad opgaangen ass, fortgelaf ass. De Polizisten ass et net gelongen, d’Déier anzefänken. Dëst opgrond vu senge spatze Stachelen, heescht et vun der Police Hildesheim.
E Méindeg gouf d’Déier iwwerdeems fir d’leschte Kéier gesinn. Passanten hate matkritt, wéi et sech nieft engem Silo opgehalen huet. Weider heescht et aus dem Schreiwes vun der Police, datt d’Beamte souwéi d’Zirkus-Leit nach ëmmer op der Sich nom Stachelschwäi wieren.