Enn vun ëmstriddener TraditiounSüdkorea decidéiert e Gesetz fir e Verbuet vum Handel mat Hondsfleesch

RTL Lëtzebuerg
Dat südkoreanescht Parlament huet e Gesetz decidéiert, wat déi ëmstridden Traditioun vum Land wäert op en Enn bréngen.
© AFP/Archiv/Anthony WALLACE

D’Membere vun der Nationalversammlung hu sech en Dënschdeg eestëmmeg fir dës Veruerdnung ausgeschwat, déi no enger Schounfrist vun dräi Joer an enger finaler Confirmatioun vum President Yoon Suk Yeol a Kraaft triede soll.

Dem neie Gesetz no soll d’Ziichten, d’Verkafen an d’Schluechte vun Hënn am Kader vum Gewanne vu Fleesch an Zukunft mat bis zu dräi Joer Prisong oder enger Strof vu ronn 20.000 Euro bestrooft ginn.

D’Iesse vun Hondsfleesch huet a Südkorea eng laang Traditioun. Schätzungen no ginn all Joer bis zu enger Millioun Hënn fir de Fleeschhandel geschluecht. Am ganze Land ginn et der Regierung no eng 1.100 Häff fir Hondsfleesch. Hei ginn d’Déiere geziicht, fir hiert Fleesch dono am ganze Land an de Restauranten als Delikatess ze verkafen.

An de leschte Joren ass d’Consommatioun vun dëser Delikatess am Land awer staark zeréckgaangen. Grad fir déi méi jonk an urban Populatioun ass d’Iesse vun Hondsfleesch antëscht e richtegen Tabu an doduerch huet och den Drock vun Déiereschützer op d’Politik ëmmer weider zougeholl.

Dowéinst och weise sech d’Aktivisten zefridde mam neie Gesetz: “Ech sinn iwwerglécklech, datt Südkorea dëst trauregt Kapitel vu senger Geschicht zoumécht an eng hondsfrëndlech Zukunft aleet”, esou d’Cheffin vum koreaneschen Ofleeër vun der Organisatioun “Humane Society International”.

Enger Ëmfro vun der Denkfabrick “Animal Welfare Awareness, Research and Education”, kuerz Aware, géifen néng vun zéng Südkoreaner an Zukunft keen Hondsfleesch méi iesse wëllen.

Bis ewell war awer all Versuch, fir den Handel ze verbidden, bei den Ziichter op grousse Widderstand gestouss. Am neie Gesetz ass dofir virgesinn, datt si eng Entschiedegung solle kréien, fir sech eben aus dem Handel zeréckzéien ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO