Ieselsfrënn AsblSummer- a Fräizäitaktivitéite mat den Ieselen

RTL Lëtzebuerg
D’Ieselsfrënn asbl gouf 2001 mam Zil gegrënnt, d’Proprietären zesummen ze bréngen, en Austausch ze erméiglechen an Aktivitéite mat den Déieren unzebidden.
De Summermagazin vum 26. August 2023 - Outdoor
Am Summermagazin Outdoor gi mer mat den Ieselsfrënn en Tour trëppelen.

A ville Länner gëtt den Iesel bis haut nach als Aarbechtsdéier agesat. Bei eis gewannen dës Déieren awer ëmmer méi u Beléiftheet, ginn als Hobby gehalen, an zielen als “Begleeder vun Individualisten, déi sech net schummen, sech mat hirem Frënd mat deene laangen Oueren an der Ëffentlechkeet ze weisen.” Dat jiddefalls steet op der Websäit vun de Lëtzebuerger Ieselsfrënn.

An effektiv muss een net iwwerrascht sinn, wann ee Sonndes Mëttes enger Häerd Iesele matzen am Duerf, um Feldwee oder am Bësch begéint. Vun Abrëll bis September sinn d’Ieselsfrënn all Mount an der Géigend vun engem aneren aus dem Veräin ënnerwee.

Wärend eisem Tournage begleede mir déi 11 Iesele mat hire Besëtzer an anere Leit, déi sech ugeschloss hunn, op hirem Trëppeltour vun Eschduerf bis erof bei de Stauséi. Dass si dobäi dacks grouss gekuckt ginn an d’Leit Fotoe maachen, si si scho gewinnt.

“Mir waren eng Kéier an d’Oktav (...) an et war esou schlecht Wieder! An d’Leit sinn all stoe bliwwen (...). Si waren esou frou an et si ganz vill Leit, déi se wëllen heemelen a si loossen sech dat jo och gär gefalen”, erzielt d’Michèle Reiles déi dës Randonnée organiséiert huet.

Vun Ufank un dobäi ass och den Nicolas Schweicher, deen d’Asbl mat gegrënnt huet an ënnert anerem esouguer schonn de Jakobswee mat engem vu sengen Iesele getrëppelt ass. “Den Iesel huet e ganz anert Wiesen (wéi d’Päerd). En ass immens unhänglech, a wann ech zum Beispill an der Wiss sinn, dass mer eppes schaffen, da sinn si derbäi. Och wa mer mat e spadséiere ginn, zemools mat Kanner oder Handicapéierten, da stellen si sech op d’Vitesse an. Also si hu schonn immens vill Gefill, fir esou matzegoen.”

Dass den Iesel sech wonnerbar eegent, fir mat Kanner ze schaffen, beweist d’Pascale Hoffmann. Si ass ee vun deene knapp 100 Membere vun den Ieselsfrënn a bedreift zanter bal fënnef Joer e pedagogeschen Haff, wou si déi verschiddenst Aktivitéite fir Schoulklassen, Crèchen, Maison Relaisen, Senioren a Leit mat Behënnerung ubitt: Gebuertsdeeg, Aktivitéitsnomëtteger, Vakanzenaktivitéiten a Wanderungen.

Ganz besonnesche Succès huet ënnert anerem den Ieselsfürerschäin, wou d’Kanner op spilleresch Aart a Weis léieren, wéi een sech ëm d’Déiere këmmert, wou se hir kommen, a wat se brauchen. “Am Ieselsfürerschäi geet et eigentlech drëm, dass d’Kanner den Ëmgang mam Iesel léieren. Dass se wësse wéi se solle mam d’Déier ëmgoen an duerno awer och e bësse wéi se d’Déier solle féieren. Dowéinst heescht et dann ebe Führerschäin.”

Back to Top
CIM LOGO