Den Haff gëtt reforméiert, e soll méi transparent ginn. Ëffentleches a Privates gëtt getrennt an d'Grande-Duchesse ass am Organigramm net méi virgesinn.
E Lëtzebuerger Modell, dee gutt funktionéiert! Esou huet de Staatsminister e Mëttwoch der Ëffentlechkeet erkläert, wéi de groussherzoglechen Haff soll reforméiert ginn!
Am Waringo-Rapport gi Problemer benannt a kloer Ännerungsvirschléi gemaach. De Paul-Henri Meyers, fréieren CSV-Deputéierten, schwätzt vun enger gewësser Gravitéit. De Rapport géif Weeër fir d'Zukunft weisen, ma en hätt awer och kloer gewisen, datt Mëssstänn do wieren, déi ee misst behiewen.
De Rôle vum Partner vum Staatschef misst kloer definéiert ginn, mengt den Alex Bodry: „Si muss ganz kloer ee Choix maachen, wou Si sech wëll organiséieren. Dee Choix muss politesch ofgeseent ginn. An och wa Si do Aussoe mécht, déi ee politeschen Aspekt hunn, da mussen och déi Aussoe mat der Regierung ofgeschwat sinn, soss kënnt et zu Konflikter an da komme mer erëm an eng schwiereg Situatioun.“
De Marc Baum vun Déi Lénk bedauert, dat een Affekot ageschalt gouf, wou de Jeannot Waringo zu engem prezise Punkt Informatioune wollt. An der Institutiounekommissioun e Mëttwoch hätt de Rapporter weider Detailer zu dësem Bréif ginn. Op d'Nofro bei der Administration des Biens, wisou se dëst gemaach hätt, krut hien d'Äntwert, Si hätte kee mandatéiert. De Marc Baum schwätzt vu graven Dysfonctionnementer.
All d'Parteien, déi an der Chamber sinn, stellen den Ament d'Monarchie net a Fro. Et wier un der Zäit, d'Institutioun ze reforméieren. Den ADR-Politiker Fred Keup sot, de Grand-Duc wier een Integratiounsfaktor fir Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, dofir misst d'Monarchie gestäerkt ginn.
Déi fréier Europadeputéiert Astrid Lulling huet gemengt, et misst een elo op Grond vum Rapport séier handelen an d'Proposen ëmsetzen. Et misst een elo no vir kucken an dat, wat de Jeannot Waringo proposéiert, elo einfach maachen.
D'Invitée waren
Alex Bodry
Jurist a fréiere President Institutiounekommissioun / LSAP
Paul- Henri Meyers
Jurist a Verfassungsspezialist / CSV
Marc Baum
Deputéierten a Member Institutiounekommissioun / déi Lénk
ass fir eng Republik
Fred Keup
Zukünftegen ADR Deputéierten
warnt viru "radikale Kräften, déi Monarchie ofschafe wéilten"
Astrid Lulling
FNFL Presidentin a fréier CSV-Europadeputéiert
Reportagen aus dem Kloertext
E Mëttwoch huet de Premier Xavier Bettel de Rapport der Chamber an och der Populatioun virgestallt. An do war eent kloer, vill vun de Mëssstänn um Haff misste séier a mam Accord vum Grand-Duc geännert ginn.
An der Press gouf schonn am Virfeld vill iwwert de Waringo-Rapport geschwat, diskutéiert a spekuléiert. Dëst huet scho verschidden Reaktioune, och vum Haff, ervirgeruff. Reagéiert gouf dann och no der Publikatioun, och vum Parquet.
Vill Politiker hunn dann och no der Presentatioun um Mëttwoch op de Rapport an d'Aussoe vum Premier a vum Jeannot Waringo reagéiert.