Am Kloertext geet et en Donneschdeg ëm d'Effikassitéit vum Gesondheetssystem.

De Gesondheetssystem stoung en Donneschdeg den Owend am Mëttelpunkt vum Kloertext op der Tëlee. "Den aktuelle System ass deier an net effikass genuch." Zu där Conclusioun koum rezent den nationalen Gesondheetsobservatoire, deen eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach huet.

Et brauch also Reformen. D'Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer an d'Roll vum Hausdokter waren zwee Elementer an der Diskussioun. 
 
D'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez confirméiert, datt ongeféier 30 Prozent vun de Leit keen Hausdokter hunn an dann direkt an d'Urgence ginn. Dofir gëtt jo elo eng Campagne lancéiert, fir d'Primärmedezin ze stäerken, bei wäitem net déi éischt, mä trotzdeem wichteg, wann een dem Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, dem Dokter Marc Berna nolauschtert. Hie seet, wat ee méi géing maachen, fir datt d'Waardezäiten an den Urgencen erof ginn, wa méi Patiente géife kommen. 
 
"Esou fonctionéiert awer kee gudde Gesondheetssystem mat enger anstänneger Qualitéit a mat enger anstänneger Effizienz, well do gëtt par la force des choses an enger Urgence vläicht méi gemaach wéi misst gemaach ginn. Duerfir, mir wëssen och, dass mindestens ee Véierel vun de Patienten, déi an d'Urgence kommen, besser beim Hausdokter opgehuewe wieren. Duerfir, als Klinicke brauche mir gutt strukturéiert a gutt funktionéierend Soins Primären. Dat ass net nëmmen eng perséinlech Iwwerzeegung, dat ass eng wëssenschaftlech Tatsaach."
 
Beim Hausdokter muss een awer heiansdo een, zwee Deeg waarden, ier een e Rendez-vous kritt. Datt et eng Penurie vun Doktere gëtt, ass net nei, an den Dokter David Heck aus dem Cercle des Médecins Généralistes seet, d'Doktere géifen och ëmmer méi Zäit mat administrative Saache verléieren. 
 
"D'CNS ass Spezialist dran, fir ëmmer nei Formulairen z'erfannen. Déi mussen dann och nach rectoverso all Kéiers erausgeprint ginn, soss gi se net ugeholl. A wann iergendeng Këscht net richteg ugeklickt ass, da gëtt dat och erëm zréckgeschéckt. Mir si leider haaptsächlech elo domadder beschäftegt, fir ëmmer méi Formulairen a Certificaten ze maachen. Do verléiere mer u sech immens vill Zäit. An dofir stellt sech dann och d'Fro, wéi staark ass d'Penurie un Dokteren oder ass et éischter d'Penurie un Zäit bei den Dokteren, déi do ass? Well wann ech haaptsächlech domadder beschäftegt sinn, fir Formulairen auszefëllen a Certificaten ze schreiwen, hunn ech keng Zäit, fir nach weider no Patienten ze kucken, déi krank sinn."
 
De Beruff vum Hausdokter muss erëm méi attraktiv ginn, dat héiert een ëmmer erëm, an an deem Kontext schwätzt déi fréier LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert och dat Finanziellt un. 
 
"Tariffer géif ech och gären uschwätzen, nieft der Campagne, mengen ech, muss ee sech der Tatsaach stellen, dass einfach eng immens Diskrepanz an den Tariffer ass.  Wann een d'Tariffer kuckt vun engem Generalist oder engem Pediater, da brauch ee sech keng philosophesch Froen ze stellen, firwat dat vläicht manner attraktiv ass. Do ass en enormen Ënnerscheed. An dat ass och eppes, wou een eng Kéier muss drugoen. Ech weess, dass dat en delikaten Sujet ass."
 
Déi nei CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez äntwert, datt dat eng Tarifikatioun ass, déi iwwer Jore gewuess ass.
 
"Wann een elo behaapt, déi wier net gutt, da muss ee sech froen, wat dann iwwert déi Jore vun Incitatiffe geschafft gi sinn, fir déi z'änneren. Mir sinn elo am Ufank vun der Chaîne, wou mer soen, mir mussen de Generalist stäerken, mir mussen de 'Spécialiste en médécine générale' stäerken, mir mussen de Pediater stäerken. An da wëlle mer fir d'éischt emol d'Bild no baussen besser duerstellen, fir datt och Jonker begeeschtert sinn, fir sech op déi Formatioun op der Uni anzeschreiwen."
 
An nawell fënnt den Hausdokter David Heck et frustrant, wa Leit, déi déi selwecht Etuden oder d'selwecht laang Etude gemaach hunn, esou vill méi verdéngen. D'Moyenne bei de Radiologe wier dräi Mol esou héich,wéi déi bei de Generalisten.

Eis Invitéë sinn:

Martine Deprez, CSV

Ministesch fir Santé a Sécurité sociale

Paulette Lenert, LSAP
Deputéiert
Fréier Gesondheetsministesch

Dr. Marc Berna
Gastroenterolog
Generaldirekter HRS
Vizepresident Spidolsfederatioun FHL

Dr. David Heck
Hausdokter

Member Cercle des Médecins Généralistes (CMG)