Invitée: D'Kënschtlerin Trixi Weis, d'Expo vum Cristina Dias de Magalhaes an eng Analyse vum europäesche Kreativ- a Kultursekteur no 2020.

Bünebild a Konscht - zwou Disziplinnen an deenen d'Kënschtlerin Trixi Weis schafft an déi si och emol gären mateneen verbënnt. Den Ament stellt si zu Diddeleng am Centre d'Art Dominique Lang aus.

Net wäit dovun ewech - am Centre d'Art Nei Liicht, huet d'Liz Heintz d'Fotografin Cristina Dias de Magalhaes getraff a mat hir iwwert hir Konscht geschwat.

Rebuilding Europe  - e Plang fir d’Kultur - Wei geet dem Secteur? A wéi een Impakt hat d’Joer 2020 op d’Kulturschafend an Europa. D'Christiane Kremer huet sech Zuelen méi genau ugekuckt.

No Art On Air, haut aus dem Carré zu Hollerech, présenteiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Heintz
Video No Art Liz Heintz
Konsbruck
Chroniqueur

Wiwinius
No Art