Relax fléien?!Therapiehënn géint Vakanzestress

RTL Lëtzebuerg
Hektik um Fluchhafen ass e gewinnt, ma an der Tierkei soll de positiven Afloss vum Mënsch sengem beschte Frënd deem elo entgéintwierken.
Therapie um Fluchhafe vun Istanbul
Net all Hond, deen hei schafft, sicht no Drogen.

Eng 90 Millioune Leit reesen aktuell d’Joer iwwert den risegen Istanbul Airport. 2019 ass dësen opgaangen an zielt zu engem vun den Impressionantsten op der Welt. En ass och ganz virbäi an den Internationale Rankings vun den Aiports a läit nëmme knapps hannert dem Changi Airport zu Singapur.

Ma de gréissten tierkesche Fluchhafen huet elo e weidert Argument fir d’Passagéier ze begeeschteren... An zwar e pelzegt: 5 Muppe sinn elo do am Asaz. Si solle gestresst Leit calméieren, éiert se an de Fliger klammen.

Vum positiven an entspanenden Afloss vun Hënn gëtt jo dacks schonn a Schoule, Klinicken oder och a Büroe profitéiert, elo also och um Fluchhafen. Dat Ganzt mat speziell forméierten Hënn an ëmmer mat hire Meeschter un der Säit. Am Reportage ginn et éischt Reaktiounen.

Back to Top
CIM LOGO