ALVATollwut-Gefor - Keng Déieren aus der Vakanz matbréngen

RTL Lëtzebuerg
D'Veterinärs- a Liewesmëttel-Inspektioun ALVA ënnersträicht an engem Schreiwes, dass een am beschte keng Déieren aus dem Ausland matbrénge soll.
© GOKHAN BALCI ANADOLU AGENCYAnadolu Agency via AFP

Hei geet et virun allem ëm Déieren, bei deenen de Gesondheetszoustand net bekannt ass oder bei deenen d’Dokumenter fir d’Déier anzeféieren net an der Rei sinn. Domat soll evitéiert ginn, Mënsch an Déier zu Lëtzebuerg gesondheetlech a Gefor ze bréngen.

Eng vun de gréisste Gefore wier et nämlech, mat esou enger Aktioun d’Tollwut aus der Vakanz matzebréngen. Zënter 2001 gëtt et zu Lëtzebuerg dës Krankheet net méi. Dësen onheelbaren an déidleche Virus infizéiert souwuel wëll Déieren, wéi och Hausdéieren, a gëtt iwwert de Spaut vum Déier op de Mënsch iwwerdroen. Speziell Hënn sinn hei viséiert, déi fir 99% vun den déidlechen Tollwut-Fäll bei Mënsche verantwortlech sinn.

Zu dësem Zäitpunkt kënnt d’Tollwut a méi wéi 150 Länner weltwäit vir, dorënner och a Länner, an déi Lëtzebuerger méi dacks hireesen. Heizou gehéiere beispillsweis Destinatioune wéi d’Tierkei, Marokko, Tunesien, Algerien an d’Ukrain.

D’ALVA betount nach eemol, dass d’Uschafe vun engem Déier eng gutt iwwerluechten Decisioun muss sinn, déi souwuel Vir- wéi och Nodeeler mat sech zitt. En Déier spontan ze kafen oder et mathuelen, well ee Matleed huet, ass der ALVA no absolut z’evitéieren a géif den Déiereschutz och absolut net garantéieren.

L’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire appelle à ne pas ramener des animaux de l’étranger (31.07.2023)

Communiqué par : ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement ruralÀ l’heure des premiers retours de vacances, l’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) appelle les voyageurs à ne pas ramener des animaux dont le statut sanitaire est inconnu, ou pour lequel les documents d’importation ne sont pas en règle, afin de ne pas compromettre la santé des citoyens et des animaux au Grand-Duché de Luxembourg.
Parmi les risques majeurs figure l’introduction de la maladie de la rage, même si le Luxembourg est bien indemne de rage depuis 2001. Ce virus incurable et mortel infecte aussi bien les animaux sauvages que domestiques et est transmis à l’homme par la salive d’un animal infecté. Les chiens sont à l’origine de 99% des cas mortels de rage humaine. À l’heure actuelle, la rage est présente dans plus de 150 pays parmi lesquels des pays dans lesquels les résidents luxembourgeois se déplacent, comme la Turquie, le Maroc, la Tunisie, l’Algérie et l’Ukraine.
L’ALVA rappelle aussi que l’acquisition d’un animal doit être une décision bien réfléchie, qui comporte des avantages et des inconvénients. Les achats spontanés et les adoptions par pitié ne sont pas une base idéale pour garantir le bien-être animal.

Back to Top
CIM LOGO