
Wéi d’Police en Dënschdeg matgedeelt huet, soll op d’mannst eent vun den Déieren un engem an der EU zanter 2008 verbuedenen Insekte-Vernichtungsmëttel gestuerwe sinn.
D’Wanderffalleken, och Spuervulle genannt, goufe schonn am Juli um Tuerm entdeckt a gebuergen, de Fall gouf der Police allerdéngs réischt lescht Woch gemellt.
D’Beamten hunn Ermëttlunge wéinst Verstéiss géint d’Bundesnaturschutz-, Déiereschutz- a Chemikaliegesetz ageleet.