
D’Déier, dat zanter Juli verschwonne war, gouf zu Detroit vun der Police fonnt a koum iwwer 3.770 Kilometer vu sengem doheem ewech an en Déierenasyl.
Hei hunn d’Déiereschützer dem Mupp säi Mikrochip gescannt an erausfonnt, dass en enger Famill aus San Diego am Bundesstaat Kalifornien gehéiert. Dës hat deen Ament zoufälleg grad Vakanz zu Minneapolis gemaach a konnt hiert Hausdéier perséinlech op Detroit siche goen.
Wéi de Mupp et fäerdeg bruecht huet, esou wäit ze reesen, konnt allerdéngs net gekläert ginn.