Zwee Mataarbechter vum Service Hygiène waren um Eck vum Boulevard de la Foire an der Avenue Faiencerie do, fir den Inten iwwer d’Kräizung ze hëllefen.
Dat ass awer net deen eenzegen Tëschefall mat Inten an den Neiegkeeten déi lescht Deeg. De leschte Sonndeg goufen d’Rettungsdéngschter op Féngeg geruff, fir eng zimmlech ongewéinlech Operatioun: 6 Inte waren an d’Kanalisatioun gefall an hu misse vun enger Rettungsequipe ofgeholl ginn.
Dank hirer erfollegräicher Interventioun sinn déi sechs Inte mat hirer Mamm “sécher a gesond” erëm zesummebruecht ginn, wéi de CGDIS op Facebook schreift.