
An deem Kader setzt sech natur&ëmwelt zesumme mat der Naturverwaltung dofir an, dass d’Stroossen hei am Land méi sécher gemaach gi fir d’Amphibien. An dofir muss een hir Wanderstrecke kennen. Nëmmen esou kann ee Stroosse spären oder Rettungsaktiounen op fir si geféierleche Strecken organiséieren, ma och laangfristeg Léisunge sichen. An deem Sënn sinn d’Verwaltungen an d’Mouken op d’Hëllef vu baussen ugewisen.
Weider Informatiounen zur Organisatioun vu Rettungsaktioune fannt Dir hei.
Fir sech Fortzeplanzen, brauche Mouke Waasser. Liewe maache si awer u Land, respektiv a Bëscher. Do iwwerwantere si och, ier si sech op de Wee an hir Dëmpele maachen. Si ginn och net bei egal wéi ee Gewässer, ma dohin zeréck, wou si selwer gebuer goufen.
Net eleng beim Kierperbau ginn et Ënnerscheeder tëscht de Mouken an de Fräschen. D’Mouken hu Waarzelen, aus deenen e Sekret kënnt, wann ee vun hire Feinde si wéilt friessen. Kënnt dëse Sekret widder d’Zong vum Friessfeind, schmaacht dat eekeleg an d’Mouke ginn nees erausgespaut.