Asaz zu KonzVun Zuch liicht verwonnte Schwan kritt Begleetschutz vun der Tréierer Police

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie gouf d'Police vun Tréier op en e bësse méi ongewéinlechen Asaz geruff.
© Police Tréier

E Schwan sollt sech bei de Schinnen am Beräich vun der Muselbréck zu Konz ophalen. Wéi et geheescht huet, wier e wuel vun engem Zuch erfaasst ginn.

Op der Plaz hunn d’Polizisten effektiv e Schwan entdeckt. Schro blesséiert war en net, hie gouf wuel just liicht vun engem Zuch beréiert an hat e bëssen den Tommel. D’Beamte si beim Déier bliwwen, bis et sech nees erholl hat.

De Schwan gouf duerno um Ufer vun der Musel nees fräigelooss, ass an d’Waasser gesprongen a fortgeschwommen.

Back to Top
CIM LOGO