Virun der Küst vu QueenslandWäisse Wal: Tourist huet wuel seelene Migaloo gefilmt

RTL Lëtzebuerg
Virun der Küst vum australesche Queensland gouf e seelene wäisse Wal gesinn. Experte froe sech elo, ob et de weltberüümte Migaloo ass.
© AFP Symbolbild

Dëse berüümte Wal gouf zanter 2020 net méi gesinn.

Verschidde Fuerscher halen et fir méiglech, dass den Tourist, deen d’Déier gefilmt huet, e sougenannte Migaloo virun der Lëns hat. Et kéint sech awer och ëm een anere wäisse Wal aus der ostaustralescher Buckelwalpopulatioun handelen, vermudden anerer. Ma och déi kéimen net immens heefeg vir.

Back to Top
CIM LOGO