54,6 DezibelWann d'Bella eppes ze friesse wëll, schnurrt kee méi haart

RTL Lëtzebuerg
Esoubal d'Fudder opgemaach gëtt, héiert een d'Kaz Bella schnurren... Och wann d'Déierchen am Raum niewendrun ass.

Mat dëse 54,6 Dezibel, esou haart ass normalerweis och e Waasserkocher, huet d’Kaz Bella et esouguer an d’Guinessbuch vun de Weltrekorder gepackt. Fir en anere Rekord wier et beim Bella awer wuel ni duergaangen. “Si ass ganz liddreg”, seet dem Bella seng Besëtzerin, oder aus dem Bléck vun der Kaz Matbewunnerin, Nicole.

D’Kaz, déi an England lieft, huet och scho 14 Joer. Fir hire Rekord och ze confirméieren, gouf d’Schnurre vum Bella vun Experte gemooss. An aktuell gouf nach keng lieweg Kaz fonnt, déi méi haart ass, wéi d’Bella.

Back to Top
CIM LOGO