Zanter e puer Joer gëtt e Réckgang vun de Wantervillercher hei am Land festgestallt. Schold dorunner ass d’Manéier vum Mënsch ze liewen.
D’Spatze si mat am meeschten hei zu Lëtzebuerg am Wanter iwwer vertrueden. Nieft hinnen awer och nach d’Märel, d’Mees an d’Routbrëschtchen. Trotzdeem gouf am urbane Raum constatéiert, datt et zum Beispill tëscht 30 bis 50 Prozent manner Spatze gëtt.
Am urbane Raum ginn et zum Beispill tëscht 30 bis 50 Prozent manner Spatzen. De Réckgang u Vullenaarten ass allerdéngs net nëmmen e Lëtzebuerger Phenomeen, mä e weltwäite Probleem, deen eis Mënsche warne misst. Et ass eng Situatioun, déi et gëllt an de Grëff ze kréien.
Ënnert anerem d’Fidderen am Wanter hëlleft, géint de Réckgang vun de Populatiounen unzegoen.
Nach bis e Sonndeg kann ee bei der Wanterzielung vun de Vulle matmaachen. Einfach d’Villercher bei iech doheem wärend enger Zäit am A halen a seng Observatioun der Federatioun “Natur&Ëmwelt” mellen.