Et ass dacks an deene schwéierste Momenter, datt ee mierkt, wéi eng Bezéiungen am Liewen déi wichtegst sinn. Esou ass et och dem Mina Bacchiocchi gaangen, déi am Alter vun nëmmen 33 Joer eng erschreckend Diagnos krut: Broschtkriibs.
Nieft Frënn a Famill war et virun allem och hirem klengen Hond Charly seng stänneg Presenz, déi där jonker Fra deemools de Mutt ginn huet, sech net opzeginn.
Ma erziele mer dem Charly an dem Mina seng Gesicht vun Ufank un: Wéi d’Mina an hiren deemolege Partner David Schinasi sech am Joer 2014 dozou entscheet hunn, en Hond bei sech opzehuelen, war fir si vun Ufank u kloer, datt si keen Déier vun der Staang adoptéiere wéilten, mä een Hond, deen hir Hëllef an hir Léift wierklech néideg hätt.

Wéi d’Mina dem Charly seng Annonce gesinn huet, hat si direkt ee gutt Bauchgefill. De Charly war ee Stroossenhond vu Marbeilla, ronn dräi Joer al. Een ongeschlaffenen Diamant, dee just ee gemittleche Kierfchen an een Doheem mat vill Léift gebraucht huet. Och dem Charly seng Leishmanios, fir déi de Mupp Medikamenter gebraucht huet, huet d’Koppel net ofgeschreckt.
Wéi de Charly zu Stuttgart gelant ass an d’Mina an den David hiren Hond an Empfang geholl hunn, war et fir si Léift op den éischte Bléck. Dem Charly war säin neit Ëmfeld war him awer nach net esou ganz geheier. No enger laanger Zäit op der Strooss huet hie sech fir d’éischt emol u säin neit, domestikéiert Liewe gewinne missen. Mä et ass him séier besser gaangen. Ouni de Stress war seng Krankheet no ronn sechs Méint verschwonnen an an der Famill an och an der Muppecrèche, an där hien daagsiwwer war, huet hie sech séier seng Plaz geséchert.

Och no hirer Trennung hunn d’Mina an den David sech weider allen zwee gläichermoossen ëm de Charly gekëmmert an hunn ëmmer drop opgepasst, datt hien esou wéineg wéi méiglech Zäit sollt eleng verbréngen. Esou huet de Charly och dozou bäigedroen, de Kontakt tëscht deenen zwee Ex-Partner, sengem “Ruddel”, oprecht z’erhalen.
2019 koum se dunn: D’Diagnos Broschtkriibs. Mat nëmmen 33 Joer war et ee schwéiere Schlag fir d’Mina. Trotz Chemotherapie ass si weider schaffe gaangen an huet och soss probéiert, hiert Liewen an de gewinnte Bunne weiderlafen ze loossen. Dat och, fir sech vun der Krankheet ofzelenken. Am Reen, am Schnéi an an der schéinster Sonn: De Charly an d’Mina hunn hiren üblechen Tierchen dobausse gedréint. Och wärend Deeg, op deenen déi jonk Fra no enger Chemo-Therapie villäicht léiwer Doheem bliwwe wier.
Virun allem an deene Momenter, an deenen d’Mina eleng Doheem war, war si dankbar, de Charly un hirer Säit ze hunn. Dee klenge “Pirat”, esou säi Spëtznumm, huet dem Mina méi wéi eng Kéier Tréine vun de Bake geleckt an op seng Meeschtesch an där Zäit extra vill Récksiicht geholl - hien huet gemierkt, datt et dem Mina net gutt gaangen ass. “Mir hunn dem Charly deemools d’Liewe gerett. Wou ech krank gi sinn, huet hie sech revanchéiert an huet mir d’Liewe gerett”, esou d’Mina.
Wéi d’Mina sech am Dezember 2021 op den RTL-Opruff fir d’Serie “Hondsgeschichten” gemellt huet, war si an der Remissioun an de Charly een net méi ganz esou jonken, mä ëmmer nach onheemlech liewensfroue Mupp. E puer Woche méi spéit ass de Charly fir ee routineméissegen Agrëff beim Déierendokter an d’Narkos geluecht ginn. Duerno war hien ni méi deen nämmlechten.

De Charly gouf krank a lethargesch, a seng Situatioun huet sech net méi gebessert. Iergendwann hunn d’Mina an hiren Ex-Partner David déi schwéier Decisioun getraff, hire klenge Pirat vu senger Péng z’erléisen. Eng Déierendoktesch ass bei d’Mina Heem komm a si konnten eng lescht Kéier zu drëtt op där Couche sëtzen, op där si esou vill schéin Owender verbruecht haten.
D’Mina huet sech decidéiert, eis dem Charly seng Geschicht trotzdeem z’erzielen - och wann déi kleng schwaarz Boule selwer net méi konnt derbäi sinn. Eng lescht Éier un e Mupp, deen net nëmme Liewe verännert, mä och Liewe gerett huet.
