
Wa mam Wanter d’Keelt an de Schnéi kommen, denke vill Leit dorun, d’Vullen dobaussen ze fidderen. Ma net just beim Fudder, mä och bei der Plaz muss een u sou munches denken.
Prinzipiell ass et iwwerall méiglech Villercher ze fidderen - ob am Gaart vun engem Haus, dem Balcon vun engem Appartement oder um Fënsterbriet. Dat eenzegt, op wat muss opgepasst ginn, ass, datt d’Fudderplazen net fir Kazen z’erreeche sinn oder bei Uewerflächen, déi spigelen, opgeriicht ginn.
Bei der Aart vun der Fudderplaz huet ee mëttlerweil e grousse Choix. Ob et elo en Haus, e Silo oder eng Fuddersail ass, ass allgemeng egal, och wann déi verschidden Aarte Virdeeler an Nodeeler fir verschidde Vullegruppe mat sech bréngen. Iwwerdeem soll een dorop oppassen, datt d’Vullen net am Fudder trëppelen, fir d’Iwwerdroung vu Krankheeten z’evitéieren. Bei Vugel-frëndleche Fuddersystemer wéi Fuddersailen oder - Siloe rëtscht dat proppert Fudder jee no Bedarf no.
Ganz wichteg ass ausserdeem och, datt d’Fudderplaz propper gehale gëtt. Déi verschidden Aarten u Villercher, déi deels vu méi wäit hierkommen, kënnen, wéi scho gesot, Krankheete mat sech bréngen. Fir eng Iwwerdroung vun dësen ze vermeiden, soll d’Plaz reegelméisseg mat waarmem Waasser gebotzt ginn. An och d’Drénk-Buere mussen am Wanter propper gehale ginn, well och dës, falls se net zougefruer sinn, weiderhi benotzt ginn.

Wat d’Fudder selwer ugeet, sollt een, anescht wéi dacks ugeholl, kee Brout oder Iessensreschter fidderen, well eleng de Salzgehalt d’Déieren a Liewensgefor ka bréngen. Donieft ka Brout am Mo vum Vull opquëllen. Wéi Natur&Ëmwelt an hirem Communiqué schreift, soll iwwerdeem Fudder ugebuede ginn, dat op Polle vun der “Ambrosia” getest gouf. Dëst ass eng invasiv Planzenaart, där hir Polle schwéier Allergien ausléise kënnen. Eigentlech kënnt d’Ambrosia aus Nordamerika, huet sech awer an de leschte Joren ëmmer méi an Europa ausgebreet. Duerch Vugelsfudder, an deem d’Pollen dra sinn, kënnt et ëmmer rëm dozou, datt d’Pollen hei verbreet ginn. Nieft Nëss, Kären a Weess ass awer och Uebst wéi Roséngen, Äppel oder Bieren eng wëllkomm Ofwiesslung fir d’Déieren.
Ma och wann d’Vullen allgemeng all Zort Fudder friessen, huet all Aart aner Uspréch un d’Fudder an ass op bestëmmt Narungssourcë spezialiséiert. Iwwerdeem brauchen d’Villercher am Wanter anert Fudder ewéi am Fréijoer, respektiv am Summer, wann et Zäit ze bréien ass. Fir erauszefannen, wéi eng Aart Vulle sech bei Iech an der Géigend ophalen a wéi ee Fudder Dir am beschte fiddere sollt, huet Natur&Ëmwelt e puer Tipps erausginn.
D’Asbl erënnert iwwerdeem dorun, datt wann ee bis ugefaangen huet, d’Vullen ze fidderen, een dëst reegelméisseg soll maachen. Virun allem um fréie Moien an dem Virowend sollt Fudder fir d’Villercher do sinn. Am Wanter sinn ausserdeem Kalorien immens wichteg, woufir och emol fettegt Fudder ugebuede soll ginn.
