Am Wanter sinn eis Villercher méi ewéi frou, wa se ënnert Fligele gegraff kréien. Mä op wat muss een iwwerhaapt oppassen, wann ee se fiddert? Fudder ass net gläich Fudder. Esou soll d’Fudder fetteg sinn, de Villche brauch am Wanter méi Energie ewéi am Summer.
Wann een d’Fudder kafe geet, soll een oppassen, dass keen Ambrosia dran ass. Bei Ambrosia handelt et sech em eng Planz, déi sech séier ausbreet a vun där mir Mënsche kënnen Allergien kréien. Also sollen am beschte keng Käre vun dëser Planz aus Nordamerika dra sinn.
Och Hygiène spillt eng grouss Roll, wann ee fiddert. Net jidderee passt hei drop op, mä et soll een d’Kären u sech net einfach esou op de Buedem streeën. D’Villercher kënnen esou ewéi och mir Mënsche Krankheeten iwwerdroen, an dat, wa se zu vill dreckeg an hirem Fudder stinn. Et soll een also oppassen, dass se sech e bëssche méi Héich sëtze kënnen.
Weder krank nach gefriess ginn, sollen d’Villercher, esou ass et och ganz wichteg, wou ee säin Fudderhaischen histellt. Am Beschten néierens, wou eng Kaz drun kënnt, soss gëtt d’Fudderplaz fir d’Villercher gären zu eng Fudderplaz fir d’Kaz.