
Et hëlleft ee sech mat cheemesche Produiten oder mat hausgemaache Léisunge wéi zum Beispill dem Verbrenne vu Kaffissaz. Wann d’Harespel bis gepickt huet, dann ass et mat Wéi a verschiddene Fäll net gedoen.
D’lescht Woch hei am RTL-Gebai um Kierchbierg:
Ee Kolleeg ass souzesoen am Transit ënnerwee duerch de grousse Redaktiounsraum - eng Hand ferm geschwollen an déi Moul integral verbonnen. De gudde Mann wollt doheem de Kullang botzen, ma an de Blieder hate sech awer Harespelen agenist an déi hu sech nu mol gewiert. Elo war et beim Kolleeg mat engem Wee an d’Apdikt gedoen.
Et ginn awer och méi kriddeleg Fäll, well Leit allergesch op d’Picke vun Harespele reagéieren an da kann et séier 5 bis 12 sinn, esou de Guido Genten, Infirmier bei der Air Rescue, déi am Summer an der Moyenne ee bis zwee Mol d’Woch bei esou Fäll am Asaz ass.
“Een éischt Zeechen zum Beispill si “Schluckbeschwerden”, dat heescht, et kënnt zu Schwellungen am Mondraum, dat heescht, dass d’Otemweeër direkt betraff sinn an dat ka sech ganz schnell zu engem liewensbedreelechen Zoustand entwéckelen. Et kann och zu Häerzkreeslafkrankheet kommen...”
Meeschtens wëssen d’Leit net, dass se allergesch op de Stach vun Harespele reagéieren, dobäi kënnt, dass d’Allergie och eréischt mam Alter kënnt. Egal wéi, sollt et Symptomer ginn, déi iwwer déi normal Schwellung an déi normal Péng eraus ginn, soll een den 112 kontaktéieren.
“Dann hëlt dat de Wee, wéi dat am Rettungsdéngscht üblech ass: Et gëtt gekuckt, wéi ee Rettungsmëttel am noosten ass, ob de Samu matgeschéckt gëtt a wann den Helikopter dat séierst Rettungsmëttel ass, da gi mir och eraus.”
Normalerweis ass et awer net weider geféierlech, wann ee vun enger Harespel gepickt gouf. Et deet zwar wéi, mä mat engem kale Wéckel oder engem Cube Äis, eventuell enger Sallef, kënnt een driwwer ewech.