
Duerch e futtissen Zonk war et de Wëlle Schwäi méiglech, sech duerch d’Bascht ze maachen. Wéi d’Noriichtenagence AFP mat Recours op d’Police Nordsaarland matdeelt, hätten déi zwee Wëll Schwäin “héichaggressiivt Verhale géigeniwwer Foussgänger an aneren Hausdéieren” gewisen. Souguer op hire Meeschter sinn déi zwee lassgaangen.
Vue datt d’Déieren ëmmer méi wëll goufen, sech och net vun hirem Besëtzer afänke gelooss hunn an net an de Bësch geflücht sinn, hunn d’Beamten du keng aner Méiglechkeet méi gesinn, wéi d’Schwäin z’erschéissen.
Wéinst dem futtissen Zonk géing iwwerdeem lo wéinst “Déprédation”, also der Beschiedegung vu Material, ermëttelt.