
Wat deemools mat knapp 186 Déieren ugefaangen huet, ass an Tëschenzäit op iwwer 3.000 d’Joer geklommen. Och dräi zousätzlech Drop-off-Statioune gëtt et mëttlerweil uechter d’Land.
D’Zil vun der Fleegestatioun, déi vun Natur an Ëmwelt geleet gëtt, ass et, verwonnt oder verstouss wëll Déieren opzehuelen an ze fleegen, bis se sech vun hire Verletzungen oder hire Krankheeten erholl hunn an nees ausgewëldert kënne ginn. Och exotesch Déiere ginn an der Statioun zu Diddeleng opgeholl.
Ma wéi et elo an engem Post an de soziale Medie vum Ëmweltministère heescht, gëtt et esou lues enk an der Fleegestatioun. Nieft den übleche Patiente missten an der lescht och ëmmer méi “net heemesch an zum Deel och invasiv exotesch Déieren” opgeholl ginn.
Vir dem neie Besoin gerecht ze ginn, misst d’Fleegestatioun vergréissert ginn. “Aus dësem Grond plangt den Ëmweltministère eng zäitno Reunioun mam Landwirtschaftsministère, bei där no Léisunge gesicht gëtt, wéi dës Erweiderung realiséiert a finanzéiert ka ginn”, heescht et op Facebook.