
Esou soll an Zukunft 21 Deeg laang op e Wollef kënne geschoss ginn, dee sech am Ëmkrees vun dausend Meter vun enger Plaz ophält, wou en Déier gerass gouf. Anescht wéi bis ewell misst een dofir iwwerdeem net méi op d’Resultat vun enger DNA-Analys gewaart ginn.
Wéi d’Steffi Lemke zu Berlin erkläert, kéint ee vun den Autoritéiten eng Ausname-Autorisatioun fir den Ofschoss kréien, nodeems e Wollef eng grouss Unzuel un Déieren an enger virop festgeluechter Regioun gerass huet. Dës Propos wier der däitscher Ëmweltministesch no séier an der Praxis ëmsetzbar. Donieft wëll si Virlagen aféieren, déi den administrativen Opwand vun de Bundeslänner bei Autorisatioune fir d’Ofschéissen ze reduzéieren.
D’Steffi Lemke wäert hir Proposen elo mat de verschiddene Bundeslänner beschwätzen an op enger Konferenz vun den Ëmweltministeren am November eng Decisioun huelen. “De Retour vum Wollef an Däitschland huet zu Konflikter an Erausfuerderunge gefouert”, huet d’Lemke gesot. Fir d’Bauere wier et en “ekonomeschen, an och emotionalen” Verloscht, wann en Déier vun engem Wollef gerass gëtt.