Aart vum Ausstierwe menacéiert"Wëllen afrikaneschen Hond" no 4 Joerzéngten nees an Uganda

RTL Lëtzebuerg
De "Lycaon pictus", eng Aart, vun där ee viru véier Joerzéngten dovun ausgoung, datt se ausgestuerwe wier, gouf e Méindeg am Nordoste vun Uganda gesinn.
© https://pxhere.com/en/photo/508599 by Pxhere / Mathias Appel

“Wëll afrikanesch Hënn (allgemeng als “wëll Hënn” bekannt”), déi an Uganda an den 1980er Joren ausgestuerwe sinn, goufen e Méindeg de Moien an der Géigend vum Floss Narus am Kidepo-Dall-Nationalpark gesinn”, esou déi ugandesch wëll Déierenautoritéit an engem Schreiwes.

“Ee vun eise lokale Ranger huet déi wëll afrikanesch Hënn nach séier gesinn, éier déi zwee aus sengem Bléckfeld verschwonne sinn”, heescht et weider. Wéi d’wëll Déierenautoritéit erkläert, géing d’Populatioun vun der Aart elo iwwerwaacht ginn, fir weider wichteg Donnéeë fir de Schutz vun den Déieren ze kréien.

Déi wëll Hënn hu grouss, ronn Oueren a véier Zéiwen un all Fouss, net wéi eis Muppen, déi fënnef Zéiwen un de viischte Patten a fënnef un den hënneschten hunn.

Der International Union for Conservation of Nature (IUCN) no gouf d’Populatioun vun de “wëllen afrikaneschen Hënn” 2020 op ronn 6.000 erwuessen Déiere geschat ginn. De “Lycaon pictus” steet op der Lëscht fir menacéiert Aarten.

Et wier deemno eng “wichteg Entwécklung, mä Uganda huet schonn an der Vergaangenheet d’wëll Déieren net geschützt. Vill vun hinne wéi Nashörner, Elefanten a Léiwe sinn duerch Wëlderei a falscher Gestioun vum Ausstierwe menacéiert”, erkläert de wëll Déiere-Schützer aus Uganda, de Paul Oketcho.

Back to Top
CIM LOGO