Fir den AarteschutzWiener Zoo gëtt Déiere keng Nimm méi

RTL Lëtzebuerg
Den "Tiergarten Schönbrunn" zu Wien wäert neigebuerenen Déieren an Zukunft keng Nimm méi ginn. Domat soll de Fokus méi op den Aarteschutz geluecht ginn.
© Daniel Zupanc / Tiergarten Schönbrunn / AFP

Et ass ëmmer e grousst Evenement, wann Nowuess an Zooen an Déiereparken op d’Welt kënnt. Fir en Numm ze fannen, gëtt heiansdo och emol de Public gefrot. Esou ginn déi Kleng dacks zu Attraktiounen, den Äisbier “Knut” aus dem Berliner Zoo ass wuel ee vun de bekanntste Beispiller.

Den Déierepark zu Wien huet sech awer elo dofir decidéiert, den Déiere keng Nimm méi ze ginn, wéi den Zoodirekter Stephan Hering-Hagenbeck der “Tiroler Tageszeitung” erkläert huet. Dat fir ebe grad d’Opmierksam net méi op déi eenzel Déieren ze lenken, deenen d’Leit deels mënschlech Qualitéiten zouschreiwen. “Et war eng Sensatioun, wann eng Direktesch oder en Direkter e jonkt Déier um Aarm hat. Domat koum natierlech och eng Vermënschlechung vum wëllen Déier”, betount de Stephan Hering-Hagenbeck.

“Laang Zäit stoung d’Presentatioun vun engem eenzelen Individuum am Vierdergrond.” An Zukunft soll deemno “den Erhalt vun enger Populatioun” méi staark am Fokus stoen an den Aarteschutz verstäerkt ginn, deen haut am Mëttelpunkt vun der zoologescher Aarbecht steet.

Back to Top
CIM LOGO