Invasioun vun den HimmelsdéiercherWisou sinn et der esou vill grad elo a wéi gëtt ee se nees lass?

RTL Lëtzebuerg
Se sinn de Moment zu Dausenden ënnerwee an et fënnt ee se massiv un Hausfassaden oder souguer schonn dobanne, wou et schnuckeleg waarm ass.
© AFP

Wou kommen déi op eemol alleguer hier? Wisou komme se mat Virléift bei eis eran? A virun allem, wéi ginn ech se nees lass?

Et ass jo grad elo den Ament, wou eis am Dag déi lescht nach waarm Sonnestralen erreechen an et léisst een alt emol d’Fënsteren oder d’Terrassendier gär opstoen. Besonnesch elo am Hierscht erwaart een dann awer eng béis Iwwerraschung. Kuerz net opgepasst a schonn huet een alles voll mat Himmelsdéiercher.

Ma wisou gi se da grad elo zur Plo, wa mer se am Summer relativ wéineg zu Gesiicht kréien?

Dat läit ganz einfach dorun, dass net just vill Villercher an de Süde fléien, och munch Insekten hunn et am Wanter gär méi waarm. Zu deenen Insekte gehéieren d’Himmelsdéiercher, dat gëllt souwuel fir déi heemesch Himmelsdéiercher - roude Panzer mat schwaarze Punkten - wéi och fir déi zougewandert asiatesch Aarten - erkennbar duerch hir orange bis deels souguer ganz schwaarz Faarf.

Virun hirer Rees an de Süde versammele sech d’Himmelsdéiercher gären a Gruppen an deels souguer a ganze Schwärm u Fassaden, op Balconen oder u Planzen.

Et kann een d’Déiercher deemno einfach do a Rou loossen, no e puer Deeg si se dacks och schonn nees fort.

Ma wat maachen, wa se duerch déi oppe Fënster an Diere bei eis erakommen?

Och wann et eis esou virkënnt, wéi wann d’Insekten dat bewosst maachen, vläicht grad fir et nees waarm ze hunn, sou geschitt dat éischter aus Zoufall. Dës Déiere maache sech et mat Virléift an Huelraim gemittlech - a Ritzen a Maueren oder am Daachgespär.

Et gëllt hei déi selwecht Reegel wéi am Summer géint d’Gemécks: benotzt am beschte Moustiquairen. Si halen dee Moment net just d’Himmelsdéiercher of, ma och d’Spannen, déi elo méi waarm Plazen opsichen, anescht awer wéi hir Insekte-Kolleege sech net a Richtung Süde maachen, mä bei eis dobanne bleiwen.

A wa se bis dobanne sinn, wéi kréien ech se nees eraus?

Himmelsdéiercher gehéiere jo lo wierklech net zu de geféierlechen Déierenaarten. Dovun ofgesinn, dass ee vläicht eng Phobie huet, dinn dës Insekten engem absolut näischt an et kann ee se virsiichteg mat enger Kierbiischt aus de Rille vun der Dier oder der Fënster kieren. Besser nach mat enger Schëppchen an enger Handbiischt, da kritt ee se och direkt nees eraus, ouni hinne wéi ze dinn.

Wgl och oppassen, wann Dir Dieren a Fënsteren zoumaacht...
Wgl och oppassen, wann Dir Dieren a Fënsteren zoumaacht...

Et gëtt och nach een aneren Trick, mat enger Nylonsstrëmp. Déi kann een iwwert de Rouer vum Staubsauger zéien, d’Saugkraaft erofdréinen a se all mateneen opsammelen.

Op kee Fall soll een Insektiziden asetzen: éischtens emol sécher net dobannen, wou ee sech selwer ophält an zweetens well d’Déiere jo harmlos sinn, emol ofgesi vun den Naturschutzgrënn. Wat ee ka benotzen, si verschidde Gerécher wéi zum Beispill Lavendelueleg, Vanillsstaangen oder Lorberblieder.

Et soll een d’Himmelsdéiercher och net mat bloussen Hänn probéieren opzerafen. Fille si sech menacéiert, hannerléisst d’Insekt kleng Bluttdrëpsen als Ofwiertaktik géint Friessfeinden. Dës giel Flëssegkeet richt zimmlech eekleg an hannerléisst Flecken um Gezei, op de Miwwelen, Riddoen a Maueren, déi net méi sou gutt ewechginn.

Back to Top
CIM LOGO