E RekordWollef leet bal 1.200 Kilometer zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'Déier, wat an Niedersachsen gebuer gouf, konnt am Norde vu Spuenien nogewise ginn. Zanter Februar 2023 huet een awer keng Spuer méi fonnt.
E Wollef an engem Déierepark.
E Wollef an engem Déierepark.
© AFP/Archiv/RAYMOND ROIG

1.190 Kilometer vun der Plaz ewech, wou de Wollef mat der Nummer GW1909m gebuer gouf, konnte Spuere vun him nogewise ginn. Dat ass bis ewell déi längste wëssenschaftlech nogewise Distanz, déi en eenzele Wollef zeréckgeluecht huet. Déi lescht Spuer vum Déier gouf an der Géigend vun engem katalaneschen Duerf net wäit ewech vun de Pyrenäe fonnt.

D’Fuerscher hunn d’Wanderung vum Wollef mat genetesche Methoden nogewisen. Doru ware Laboen aus Däitschland, Frankräich a Spuenien bedeelegt. Eng Prouf, déi am Juni 2022 an der franséischer Regioun Bourgogne ënnersicht gouf, konnt dem Wollef zougeuerdent ginn. Gebuer gouf d’Déier am Joer 2020 an engem Ruddel an Niedersachsen.

Am Februar 2023 du goufen am Norde vu Spuenien bei Alta Ribagorca d’DNA-Spuere vum Déier a Prouwe vun Exkrementer fonnt. Op senger Rees huet de Wollef net just Naturgebidder passéiert, mä och Landschaften, déi staark vum Mënsch gepräägt sinn. Bis ewell hat en anere Wollef déi längste bekannte Streck hannert sech bruecht, ronn 1.092 Kilometer vun Norwegen a Finnland.

D’Fuerscher erklären dës Wanderung ganz einfach: D’Déiere probéiere Verbindungen zu anere Wollefspopulatiounen opzebauen an esou genetesch Isolatioun an Inzest ze evitéieren. Zanter dem Februar dat lescht Joer konnt een awer keng Indice méi op d’Déier GW1909m erëmfannen. Et bleift also ofzewaarden, ob ee mat Hëllef vu geneteschen Analyse an Zukunft weider Indicen op dëst d’Déier wäert fannen oder awer, ob et Nokomme vun him an der Regioun ginn, huet de Carsten Nowak, Chef vum Zentrum fir Genetik vu wëllen Déieren vum Senckenberg-Fuerschungsinstitut, matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO