
All Dag dat selwecht Dréchefudder... Iergendwann hänkt dat och engem net alt ze usprochsvollen Hond zum Hals eraus. Fir e bëssen Ofwiesslung suergt dofir de Rahmi Massarweh a senger Patisserie an der Milliounemetropol San Francicso. Wie säi beschte Kolleeg op véier Patte kulinaresch verwinne wëll, dee kënnt bei him definitiv op seng Käschten. Fir klassescht Hondsfudder oder Leckerlien a Schankeform ass keng Plaz hannert de Vitrinnen. Ze kafe ginn et konterbont Kreatiounen, bei deene wuel och sou munch Hondsmeeschteren d’Waasser am Mond zesummeleeft.

Fir de klengen Honger ze stëllen, ginn zum Beispill “Golden Paste Cakes” oder “Doggucinos” ugebueden. Sonndes verwandelt sech d’Patisserie an e richtege Restaurant. Hei erwaart d’Véierbeener en Dräi-Gank-Menü fir 75 Dollar.

A wat dem Rahmi Massarweh besonnesch gutt u senge Clientë gefält: se weisen, wann et hinnen net schmaacht. “Wa si et gären hunn, hu si et gär. Wann dat net de Fall ass, gëtt et näischt ze maachen, da wäerte si et net iessen”, sou nach de Massarweh.
