Ongewéinlech SichaktiounZu Thüringen ass en Albino-Pohunn fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
D'Police vun Thüringen huet en ongewéinlechen Appell lancéiert: Gesicht gëtt no engem Albino-Pohunn.
© AFP Archivbild

Dësen ongewéinleche Pohunn mécht nämlech den Ament Jena onsécher, sou d’Beamten e Mëttwoch. Deemno wier dat wäisst Déier an der Lescht méi dacks um nërdleche Bord vun der Stad, an der Géigend vun enger Nationalstrooss gesi ginn. Et géif méi genee am Beräich vun enger Gaardenanlag op engem Feld géigeniwwer spadséieren.

En Dënschdeg den Owend allerdéngs hat hie sech méi eng ongewéinlech Schlofplaz gesicht: matten op der Nationalstrooss. E puer Automobilisten hunn doduerch misse stoe bleiwen. Net ganz ongeféierlech op esou enger Strooss.

Bis elo ass et nach kengem gelongen, d’Déier nees anzefänken. D’Police réit deemno virsiichteg ze sinn, wann een do ënnerwee ass an et soll ee si ruffen, wann een et entdeckt.

Back to Top
CIM LOGO