Ware bal ausgestuerwenZuel vun de Brongbieren an de franséische Pyrenäen klëmmt nees

RTL Lëtzebuerg
An den 1990er Jore waren d'Brongbieren an de franséische Pyrenäen bal ausgestuerwen.
© SERGEN SEZGIN / ANADOLU / Anadolu via AFP

Doropshi goufe Bieren aus Slowenien an de Bierger am Süde vu Frankräich ausgesat.

Zanterdeem ass d’Zuel vun de Brongbieren an de Pyrenäen um klammen. Wärend 2022 nach 76 Biere gezielt goufen, waren et, der franséischer Agence fir Biodiversitéit no, zejoert schonn 83.

Ëmweltaktivisten no wieren d’Biere wichteg, fir de fragillen Ekosystem an de Pyrenäen ze erhalen.

Allerdéngs féiert d’Presenz vun de Bieren an de Pyrenäen zu Spannungen tëscht Ëmweltschützer a Baueren. Esou war d’Zuel vun de Béischten, déi an de Pyrenäen vu Bieren attackéiert goufen, zejoert 5 Prozent méi héich ewéi nach 2022.

Back to Top
CIM LOGO