GroussbritannienZuel vun den ausgesaten Déiere geet an d'Luucht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Royal Society for the Prevention of Cruelty to Animals en Dënschdeg matdeelt, goufen eleng am Joer 2022 a Groussbritannien 22.908 Déieren ausgesat.
© AFP/BEN STANSALL

Am Joer 2021 waren et am gläichen Zäitraum 18.375 Déieren. D’Ursaach fir dës Hausse géif ee virun allem op d’Inflatioun an op d’Liewenserhalungskäschten, déi geklomme sinn, zeréckféieren. Allgemeng gëtt ugeholl, datt wann d’Inflatioun weider esou zouhëlt, gutt ee Fënneftel vun de Leit, déi Déieren hunn, d’Fudder net méi bezuele kënnen.

Eleng an deene leschte Woche goufen eng sëllegen ausgesaten Hënn an England fonnt. Esou goufen an der südenglescher Regioun Essex 20 Hondswelpen fonnt. Weider goufen zu Surrey bei London véier Schlaangen, dorënner dräi Pythonen an enger Plastikskëscht nieft der Strooss fonnt. Doriwwer eraus ginn d’Déieren, ier datt se ausgesat ginn, och nach dacks mësshandelt. Esou hunn Déiereschützer kierzlech en Hond fonnt, deen aus engem Camion, dee mat 80 Stonnekilometer ënnerwee war, rausgeheit gouf.

Back to Top
CIM LOGO