
Rieds ass vun 23.300 Nashörner, déi Enn 2022 nach an Afrika gelieft hunn, woumat hir Zuel ëm 5,2% par rapport zu 2021 geklommen ass.
Dëst ass wuel op eng Rei Schutzmoossnamen zeréckzeféieren, déi agefouert goufen. Wärend Joerzéngte gouf den Effectif vun den Déieren duerch Braconniere staark reduzéiert. Hir Hare si besonnesch um asiatesche Marché als Heelmëttel vill gefrot. Eleng 2022 solle méi wéi 550 Nashörner an Afrika ëmbruecht gi sinn, déi meescht dovunner a Südafrika.