Mat Taxi a Bus zu London kollidéiertZwee Päerd vu brittescher Arméi no Ausbroch a kriteschem Zoustand

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie ware 5 Päerd vun der Household Cavalry zu London fortgelaf. Eent ass mat engem Taxi kollidéiert, een anert mat engem Doppeldeckerbus.

Op Fotoen a Videoen op de soziale Medie war e Mëttwoch ze gesinn, wéi Päerd ekipéiert mat Suedel an Zam, awer ouni Reider duerch d’Stroosse vu London galoppéiert sinn.

Wéi déi brittesch BBC mellt, hat d’Household Cavalery e Mëttwoch de Moie mat 6 Zaldoten a 7 Päerd trainéiert, wéi d’Déiere vu Kaméidi vun engem Chantier erschreckt goufen. Dem Kommandant Matt Woodward vun der Household Cavalry no wieren d’Päerd fortgerannt, nodeems “Baumaterialien aus grousser Héicht direkt nieft si geheit goufen”.

Véier vun den Zaldote goufen doropshin aus dem Suedel geheit, 5 Päerd sinn am Ganze fortgelaf. Ee Päerd ass dobäi an en Taxi virum Clermont Hotel zu London gerannt. Een anert ass mat engem Doppeldeckerbus kollidéiert, konnt awer vu Passante gestoppt a berouegt ginn. Zwee vun den Déiere wieren iwwerdeem zu Limehouse am Oste vum Londen erëmfonnt ginn, méi wéi 8 Kilometer vun där Plaz ewech, vun där si fortgelaf sinn.

No iwwer 3 Stonnen hunn d’Police an d’Arméi Entwarnung ginn: All fënnef Päerd goufen agefaangen an zréck op hir Militärbasis bruecht, wou en Déierendokter no hinne kucke géing.

De brittesche Verdeedegungsminister James Cartlidge huet en Donneschdeg géigeniwwer Sky News erkläert, datt d’Päerd “an engem eeschten Zoustand” wieren, “awer souwäit ech weess, nach um Liewen”. Him no soll et sech ëm d’Päerd Vida a Quaker handelen.

Doriwwer eraus huet de Cartlidge och betount, datt de Virfall eng “Ausnamesituatioun” an “extreem onwarscheinlech” gewiescht wier an all Dag iwwer 150 Déieren an der Haaptstad trainéiert géinge ginn. “Leider hu mir gesinn, wat geschitt ass, mä alles, wat ech soe kann, an dat ass dat Wichtegst... keng seriö Blessure fir de Public, souwäit mir wëssen, an natierlech wäerte mir d’Situatioun am A halen.”

Wéi et vum London Ambulance Service heescht, goufe véier Persounen an der Buckingham Palace Road, um Belgrave Square an op der Kräizung tëscht der Chancery Lane an der Fleet Street vun Ambulanciere behandelt ginn. Alle véier wieren an d’Spidol komm. An engem Video, dee vun der Arméi op X publizéiert gouf, huet de Kommandant Woodward de Rettungsdéngschter a Bierger, déi beim Afänke vun den Déiere gehollef hunn, Merci gesot.

D’Päerd vun der Household Cavalry gi vun der Arméi méintelaang trainéiert an op de Stroosse vu London geridden, fir sech un de staarken Trafic an haart Geräischer ze gewinnen, dorënner Salutschëss a Militärkapellen.

Back to Top
CIM LOGO