
Eng Rettungsaktioun gouf am Floss Meta am Oste vum Land, no un der Grenz zu Venezuela lancéiert. E Grupp Experten huet déi ronn 140 Kilogramm schwéier Delfin-Mamm an dat ronn 35 Kilo schwéiert Jongdéier aus dem Floss gehuewen an hu se no enger Ënnersichung an déiwem Waasser nees fräi gelooss. Souwuel Sécherheetsekippe wéi och Leit vun der Ëmweltorganisatioun Fundación Omacha an Netregierungsorganisatioune waren un der Rettungsaktioun bedeelegt.
Amazonasdelfinen, och “Rosa Flossdelfinen” genannt, liewen haaptsächlech an de Flosssystemer vum Amazonas an dem Orinoco a Südamerika. D’Weltnaturschutzunioun IUCN stuuft dës Aart zanter 2018 als extrem menacéiert an.