
D’Gebuert war schonn den 20. Juni, gouf awer lo réischt offiziell kommunizéiert. Et wollt ee sécher sinn, dass alles gutt verleeft. De Sumatra-Tiger ass ee vun den am meeschte menacéierte Grousskazen op der Äerd. Dem Zoo no liewen der just nach ronn 400 an hirer Heemecht am indonesesche Sumatra.
D’Gebuert selwer war net sou liicht. Dat éischt Jongdéier vum néng Joer ale Weibchen Cinta koum dout op d’Welt. Dono koumen der nach zwee no, deenen et bis elo gutt geet. “Elo ass virun allem wichteg, dass d’Mamm an den Nowuess eng fest Bindung zoueneen opbauen” sou d’Zoodirektesch Christina Geiger.
Bis ewell géif zum Gléck alles gutt verlafen an och de Papp, de 14 Joer alen Emas, wier ëmmer roueg a frëndlech. Fir d’Tiger-Koppel ass et den éischten Nowuess. Fir den Déiere Rou ze gënnen, gouf deen Deel vum Zoo, de sougenannte Katzendschungel, bis op Weideres zougemaach.