
De Mann war am Gaang e blesséiert Elefante-Kallef ze soignéieren, wéi dat gréissert Déier op e lassgaangen ass. Hien ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure verscheet.
Aus dem Tourismus- an Ëmweltministère heescht et entretemps, datt een de Fall ënnersiche wäert.
Am Lok-Kawi-Park, wou sech d’Ongléck zougedroen huet, liewe 16 Borneo-Zwerg-Elefanten, déi eng Schëllerhéicht vu bis zu 2 an engem hallwe Meter erreeche kënnen. Sechs Fleeger këmmere sech ëm d’Déieren. Den Elefant, deen de Fleeger doutgemaach huet, ass den eenzegen Iwwerliewende vun enger Vergëftung, déi virun 9 Joer 14 anere Borneo-Zwerg-Elefanten d’Liewe kascht huet.
D’Déiere si vum Ausstierwe menacéiert. Am malaysesche Bundesstaat Sabah, wou och de Park läit, liewen nëmmen nach ronn 2.000 Exemplairen.