
Am Juni ass d’Zäit fir d’Gebuerte vu Réikitz, ma awer och d’Héichsaison vun de Méiaarbechte vun de Baueren. An dës brénge vill Gefore fir déi kleng Réi mat sech, déi sech gären an den héije Wise verstoppen, awer sech dacks aus Angscht net méi beweege kënnen, esoubal eng Maschinn méi no kënnt.
Fir d’Bambie besser ze schützen an de Baueren ze hëllefen, mat manner Suergen ze méien, gouf de Pilotprojet “Sauvons Bambi” an d’Liewe geruff. 6 Gemengen an de Landwirtschaftsministère ënnerstëtzen d’Initiativ vun der ASBL mam selwechten Numm wéi de Projet.
Antëscht zielt d’"Sauvons Bambi Luxembourg"-ASBL 7 Dronepiloten, déi op Demande vun de Bauere virum Méie mat hiren Dronen iwwert d’Feld fléien a mat Wäermebildkameraen no de Kitze sichen. Dës ginn dann agefaangen an nom Méien nees do fräigelooss, wou se fonnt goufen, fir datt se zréck bei hir Mamm fannen. Nieft dem Doud an der Mutilatioun vun den Déieren, déi esou verhënnert solle ginn, hëlleft d’Rettung vun de Réi och beim Erhalt vun der Fudderqualitéit an evitéiert d’Verbreedung vun Déierekrankheeten.
Bis Enn Juni konnten dem Landwirtschaftsministère no eng 200 Réikitz mam Projet “Sauvons Bambi” am Grand-Duché gerett ginn. Dat och mat der Ënnerstëtzung vun de Baueren, déi hir Parzellen der ASBL gemellt an de Service an Usproch geholl hunn.
E Mëttwoch war sech de Landwirtschaftsminister Claude Haagen esou eng Rettungsaktioun vun engem Dronepilot vu “Sauvons Bambi Luxembourg” um Feld vun engem Bauer vu Koler ukucken. De Claude Haagen huet hei d’Engagement vun de fräiwëllegen Dronepiloten an d’Zesummenaarbecht tëscht dësen, de Baueren, de Jeeër an de Gemenge fir de Schutz vu wëllen Déiere betount.
Link: D’Schreiwes vum Landwirtschaftsministère iwwert d’Visitt vum Claude Haagen bei enger Rettungsaktioun.
RTL-News: “Sauvons Bambi": Jonk Réi an der Gemeng Sëll virum Doud gerett
RTL-News: Problemer beim Méinen: Besser Iwwerliewenschancë fir jonk Réi