Ronn 200 DéierenBerliner Zoo behandelt blesséiert Fësch aus geplatztem Risen-Aquarium

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Risen-Aquarium leschte Freideg geplatzt war, geet et de meeschte Fësch, déi konnte gerett ginn, den Ëmstänn entspriechend gutt.
© AFP Archivbild

Eenzel Déiere hätte beim Ongléck baussecht Verletzungen op der Haut gehat an et hätt ee se mat Desinfectant gebuet, fir d’Fësch ze behandelen, sou eng Porte-parole vum Berliner Zoo e Mëttwoch. Siwe Fësch ware schonn dout, wéi se ukomm sinn oder si kuerz drop gestuerwen.

Ronn 200 Déiere waren de Weekend an den Zoo bruecht ginn, dorënner eng 40 Salzwaasserfësch. Si sinn a Quarantän-Becken.

Mat Bitercher goufen d'Fësch , déi iwwerlieft hunn, agesammelt.
Mat Bitercher goufen d’Fësch , déi iwwerlieft hunn, agesammelt.
© AFP

Lescht Woch e Freideg war de groussen Aquarium mat 1.500 Fësch an engem Berliner Hotel an der Géigend vum Alexanderplatz geplatzt. Eng Millioun Liter Waasser sinn ausgelaf an hu sech am Hotel an op der Strooss verdeelt. Bal all d’Fësch sinn dobäi ëmkomm.

Berlin: 16 Meter héijen Aquarium platzt, Hotellobby a Strooss ënner Waasser
Geplatzen Aquarium: Eng Partie Fësch konnten aus dem Hotel gerett ginn

Back to Top
CIM LOGO