
Nodeems Enn Abrëll am Raum Bruechtebaach op enger Weed e Kallef gerass gi war, huet de spezialiséierte Laboratoire an Däitschland net definitiv kënnen noweisen, dass e Wollef d’Déier ëmbruecht huet. D’Naturverwaltung stuuft de Virfall trotzdeem als “confirméierten Indice” op d’Presenz vum Wollef an, well d’Bëss- a Friessspuere wuel eendeiteg genuch dofir sinn. Deemno gëtt de concernéierte Bauer fir den Doud vu sengem Kallef vum Staat entschiedegt.
Bei engem weidere Fall goufen zwee frësch gebuerene Kaalwer zu Lelleg mat Friessspueren dout opfonnt. Obwuel näischt op e Wollef higedeit hätt an net gewosst wier, ob d’Déieren iwwerhaapt lieweg op d’Welt komm wieren, waren och hei Analysen an de Labo an d’Senckenberg-Institut Gelnhausen geschéckt ginn. An dësem Fall wier awer eendeiteg en Hond gewiescht. Do concernéierte Bauer kritt deemno keng Entschiedegung.
D‘Naturverwaltung rifft iwwerdeem och weider dozou op, all Indicen, déi op d’Virkomme vum Wollef schléisse loossen, ze mellen. Dat op d’Mailadress wolf@anf.etat.lu.
Doriwwer eraus rappelléiert d’Naturverwaltung och d’Roll vun de Wëllef am Ekosystem a verweist dorop hin, datt Lëtzebuerg mat engem Aktiouns- a Managementplang gutt op de Retour vum Wollef virbereet wier.
Och wa Wëllef eigentlech schei sinn an de Kontakt zu de Mënsche meiden, kann et virkommen, datt een engem Wollef begéint. An deem Fall gëtt d’Naturverwaltung e puer Tipps eraus, wéi ee sech verhale soll:
D’Schreiwes vun der Naturverwaltung zu den Analysen.
RTL-News: Kadaver vu Kallef fonnt: Méiglech Wollefspresenz am Raum Bruechtebaach