
D’Garde-côte huet de Kadaver un der Küst vun der Insel Salamis entdeckt.
De jonke Wal war lescht Woch an der Géigend vun der Küst zu Athen gesi ginn. Hie war schwéier um Kifer blesséiert, wuel duerch eng Schrauf vun engem Schëff verursaacht.Nodeems de Wal Antibiotik krut, gouf hien e Freideg nees an d’Mier entlooss.
Et wier alles “Mënscheméiglecht” gemaach ginn, fir dem Déier ze hëllefen, sou de Vize-Ëmweltminister Georgios Amyras. D’Iwwerliewenschance vum Wal wieren awer vun Ufank un net gutt gewiescht.
D’Déier zielt zu de Cuvier-Schniewelwalen, déi bis zu 7 Meter laang kënne ginn a bis zu 4.000 Meter déif tauche kënnen. Ma hire Liewensraum gëtt ëmmer méi kleng.