
De Buergermeeschter vun der südfranséischer Gemeng huet mat enger éischter ongewéinlecher Campagne géint eng Kanéngerchersplo vu sech schwätze gedoen. Op de Busarrêten an anere Plazen an der Gemeng bei Montpellier goufe viru Kuerzem Plakater opgehaangen, déi net just virun de Schied warnen, déi d’Kanéngercher maachen, mä och direkt e Rezept géint d’Plo liwweren.
Wéi BFMTV e Sonndeg gemellt huet, wëll de Jean-Luc Meissonnier mat den Affichë “géint d’Ausbreedung vum Wëlle Kanéngche kämpfen”. Op der enger Säit steet op der Foto vun enger Kanéngchen, “Ech sinn et, deen nuets däin Terrain, deng Felder an deng Eisebunnsstreck verwüüst”. Op der anerer Säit fënnt een d’Rezept, fir Ragout aus den Déieren ze maachen.
D’Campagne, hannert där och e bësse Witz stécht, huet dem Buergermeeschter no säin Zil trotz allem schonn erreecht: op e reelle Problem vun der Regioun opmierksam maachen. Déi sëllege Kanéngercher friessen nämlech ze vill vun der Recolte vun de Baueren an der Gemeng an der Ëmgéigend an hu souguer schonn eng Golfplaz an en Eisebunnsdamm zerstéiert.
“Wann et net geléngt, déi staark Verbreedung séier ze stoppen, wäerten (d’Kanéngercher) sech selwer invitéieren, fir Zalot, Porretten, Zwiwwelen an anert Uebst a Geméis ze friessen, well si d’Äerdbiere vun de Betriber zu Lunellois verschlongen hunn”, erkläert de Meissonnier BFMTV géigeniwwer.
Fir de Politiker steet déi grouss Kanéngercherspopulatioun an direktem Zesummenhang mat der Entwécklung vun eise Praktiken. “Fréier gouf an de Gemengen d’Kanéngche gejot, haut jot een d’Wëllt Schwäin, also gëtt et eng Iwwerpopulatioun u Kanéngercher.” Déi wëll Déiercher nees ze joen, ass deemno d’Léisung vum Buergermeeschter an och fir d’Awunner wier et gutt, nees zu Traditiounen zréckzefannen. “Et ass schued, datt mir net zu dëse gudder Platen zréckfannen, déi eng ganz Famill mat eppes erfreeën, dat net deier war”, sot de Jean-Luc Meissonnier.
Déiereschützer kritiséieren d’Initiativ vum franséische Politiker, virun allem well de Veräin fir de Schutz vu Wëll Déieren (Asap) eréischt d’lescht Joer e Verbuet fir d’Juegd op Fiiss duerchgesat hätt - déi natierlech Feinde vu Kanéngercher. Iwwerdeem wier de Bestand an anere Regiounen a Frankräich zréckgaangen. Deemno sollt een d’Kanéngercher vu Baillargues afänken an an deene Gebidder aussetzen, amplaz se als Ragout ze verschaffen.
Och zu Paräis beim Hôtel des Invalides ginn et Problemer mat de ville wëlle Kanéngercher. Aus deem Grond huet d’Stad ugefaangen, d’Déieren ëmzesidelen.