
Schonn 48 wëll Kanéngercher, déi ronderëm den Hôtel des Invalides zu Paräis liewen, goufen an zwou Kéiere vun der Police agefaangen, fir se um privaten Terrain zu Bréau nees fräizeloossen. “Si gi geimpft an nees fräigelooss”, huet e Police-Spriecher en Dënschdeg den Owend erkläert.
Nieft de Schied u Gäert a Kanalisatiounen, fir déi déi wëll Kanéngercher, responsabel gemaach ginn, wier d’Ëmsiidlung eben och wichteg, well “d’Iwwerbevëlkerung um Terrain zu schlechte Liewenskonditiounen a Gesondheetsrisike féiert”. Hei verweist de Policespriecher op “d’Stierflechkeet vun de Kanéngercher”, déi virun allem bei net-geimpften Déieren immens héich ass” an op “de Köder”, dee si fir Raten duerstellen. Donieft géinge sech d’Schied um Terrain an der Kanalisatioun antëscht “op 366.000 Euro ouni Taxen” belafen.
Iwwerdeem betount d’Police, datt d’Kanéngercher um “Gebitt, an dat si nees agegliddert ginn”, net gejot wäerte ginn. D’Déiereschutzorganisatioun Animaux Zoopolis (PAZ) gesäit dat allerdéngs ganz anescht a reprochéiert der Paräisser Police, datt “d’Kanéngercher bei dëser Operatioun ënnert dem Deckmantel vun der Ëmsiidlung ëmbruecht ginn”. Ausserdeem wier “d’Afänke vu Kanéngercher mat groussem Stress verbonnen. Eng Partie Kanéngercher wäerte wärend dem Fänken a méiglecherweis och wärend dem Transport stierwen”, betount PAZ. Och d’Juegd-Argument vun der Police beleet PAZ, déi umierkt, datt d’Gemeng Bréau de Sëtz vum Juegdverband Seine-et-Marne ass.
D’Populatioun vun de wëlle Kanéngercher ronderëm den Hôtel des Invalides gëtt op ronn 300 geschat. Bis Enn Februar soll a 6 weideren “Operatiounen”, bei deenen eng 8 bis 12 “Falesteller” dobäi sinn, de Rescht vun de Kanéngercher agefaange ginn.