
Tëschent der Aarbecht, der Famill an de Projete vum Alldag schéngt d’Pensioun dacks nach wäit ewech. Mee wann iwwer d’Pensiounsreform zu Lëtzebuerg geschwat gëtt, kënnt eng Fro ëmmer erëm: wäerte mir dat selwecht Akommes wéi eis Elteren an der Pensioun hunn?
Lëtzebuerg huet e Pensiounssystem, deen op dräi Pilieren opgebaut ass. Den éischte Pilier, déi gesetzlech Pensioun, baséiert op der Solidaritéit tëschent de Generatiounen: déi Aktiv vun haut finanzéieren d’Pensionnairë vun haut. E generéise Modell, dee bis elo wonnerbar fonctionéiert huet, mee dee sech elo un eng nei Realitéit muss upassen.
Eng déifgräifend Pensiounsreform ass onvermeidlech. Kee weess exakt wéi se wäert ausgesinn a wéini se kënnt. Mee eent ass sécher: wat se méi laang opgeschuppt gëtt, wat méi staark Upassunge musse gemaach ginn. Amplaz ofzewaarden an ze akzeptéieren, firwat net elo schonn d’Kontroll iwwerhuelen?
D’Regierung huet viru kuerzem eng Erhéijung vum Plaffong vun der steierlecher Ofsetzbarkeet fir d’individuell Pensiounspläng ugekënnegt: vun 3.200 € op 4.500 € pro Joer, ab 2026. E staarkt Signal, dat jiddereen encouragéiert Verantwortung ze iwwerhuelen.
Mat engem perséinleche Pensiounsplang wéi easyLIFE Pension, kënnt Dir Iech ab 25€ pro Mount e Pensiounskapital opbauen. De Staat belount Iech mat enger Steierreduktioun vu bis zu 45% vum gespuerte Montant. Konkret heescht dat, datt all Euro, deen Dir op d’Säit leet, Iech a Wierklechkeet vill manner kascht. Dir kënnt tëschent garantéiertem Kapital oder enger Formule mat Fonge wielen, fir e potentiell méi héije Rendement.
An hei ass e wichtegen Detail: Dir kënnt bis Äre 65. Gebuertsdag en Zousazpensiounsplang ofschléissen, och wann Dir schonn a Pensioun sidd. Dat erlaabt Iech weider vun den interessante Steiervirdeeler ze profitéieren.
De betriblechen Zousazpensiounsplang (RCP) gëtt zu Lëtzebuerg nach ëmmer ze wéineg genotzt, obwuel e bemierkenswäert Steiervirdeeler fir Employeuren an Employéeë bitt. E Mataarbechter, dee vun engem RCP profitéiert, kann d’Primme vu sengem Patron mat perséinleche Bäiträg vu bis zu 1.200€ pro Joer ergänzen. Dës Bäiträg reduzéieren all Mount direkt dat steierflichtegt Akommes. Dat heescht, et bezilt een haut keng Steieren op dës Bäiträg an och um Enn vum Kontrakt ass dat ausbezuelte Kapital steierfräi. Domat bitt sech eng direkt an zukünfteg Steierreduktioun.
Dir sidd selbststänneg? Mat lalux-Safe Future kënnt Dir bis zu 20% vun Ärem berufflechen Akommes ofsetzen, mat enger Steier vun 20,9% op déi bezuelte Primm. Op d’Leeschtungen, déi ausbezuelt ginn, gëtt dogéint keng Akommessteier erhuewen. Transforméiert Är aktuell Steierlaascht an zukünfteg Sécherheet: eng Léisung déi pragmatesch an effikass ass.
Éischt Etapp: Evaluéiert Är Situatioun. Kuckt no, ob Ären Employeur en RCP ubitt an ergänzt dëse wa méiglech mat perséinleche Bäiträg. Wann Dir selbststänneg sidd, setzt Ären eegenen RCP no Äre finanzielle Méiglechkeeten op. Dat ass op kuerz Siicht, deen effikasste Steiervirdeel.
Zweet Etapp: Schléisst eng privat Zousazpensioun of, mat enger Primm pro Mount, déi an Äre Budget passt. Och bei engem klenge Montant gëtt dëse reegelméissegen Effort duerch Steiervirdeeler verstäerkt. Esou baut Dir Iech strategesch Äert Pensiounskapital op.
Wat Dir méi fréi ufänkt, wat manner Effort néideg ass. Dëst Engagement op de Mount kann e groussen Impakt hunn: den Equivalent vun engem Restaurantsbesuch pro Mount, also 50 €, representéiert schonn eng bedeitend Investitioun an Är Zukunft, virun allem well d’Steiervirdeeler déi reell Käschte vun dësem Spueren däitlech reduzéieren. De gesetzleche System bleift d’Basis, mee Dir hutt d’Quelle vun Ärem Akommes diversifizéiert.
D’Debatte lafe weider, d’Reformen huele Form un. Eng Saach ännert sech net: Är Fäegkeet haut ze handelen. Déi aktuell Steiervirdeeler si konkret, direkt a generéis. Si representéieren eng Geleeënheet fir Är Zukunft virzebereeden an Iech géint den Impakt vun de kommenden Upassungen ze schützen.
D’Geschicht vun Ärer Pensioun gëtt elo geschriwwen. Wéi wäert Är sinn?
Fir méi ze gewuer ze ginn: Berechent Äre Steiervirdeel mam Simulator easyLIFE Pension.