Grouss Fans vun Daft PunkPapp a Jong vum Briddel iwwerzeege Lego

Loïc Juchem
Wat 2020 wärend dem Lockdown als gemeinsame Projet ugefaangen huet, gëtt fir de Patrick a säi Jong Sol Harboun vum Briddel elo Realitéit. Hir Lego-Versioun vun der legendärer Bünepyramid vun Daft Punk gouf ausgewielt a soll 2027 weltwäit an de Verkaf kommen.

D'Bünepyramid vum franséischen Elektro-Duo Daft Punk ass fir vill Fans bis haut onvergiess. 2007 haten déi zwee Museker mat hirer Alive-Tour weltwäit fir Begeeschterung gesuergt. Bal 20 Joer méi spéit soll déi legendär Pyramid elo och als offizielle Lego-Set erauskommen. D'Iddi dofir kënnt aus Lëtzebuerg.

De Patrick Harboun a säi mëttlerweil 14 Joer ale Jong Sol hunn e Projet op d'Bee gestallt, dee mëttlerweil och international Opmierksamkeet krut. Ugefaangen huet alles 2020, wéi de Sol aacht Joer hat. Wärend dem Lockdown hunn de Papp an de Jong zesumme bei engem Lego-Concours matgemaach an déi bekannte Bünepyramid vun Daft Punk nogebaut. Mat Erfolleg: Si konnten de Concours gewannen. An d'Produktioun ass hire Modell deemools awer net gaangen.

Déi zwee hu sech dovun net decouragéiere gelooss an et iwwer en anere Wee probéiert: d'Plattform Lego Ideas. Do ka jidderee seng eege Kreatiounen erareechen. Wann e Projet 10.000 Stëmme vun der Communautéit kritt, gëtt e vun enger Fachjury op seng Ëmsetzbarkeet gepréift. 2025 hat d'Daft-Punk-Pyramid déi néideg 10.000 Stëmmen zesummen. Eréischt 2026 koum dunn awer déi gutt Noriicht vu Lego: De Modell gouf ausgewielt a soll als offizielle Set op de Marché kommen.

Technesch Erausfuerderunge bei der Pyramid

Fir déi berüümt Bünekonstruktioun esou realistesch wéi méiglech nozebauen, hunn de Patrick an de Sol sech och mat enger Rei techneschen Detailer misse beschäftegen. Besonnesch d'Beliichtung an d'Beweegunge vun de Luuchte waren eng Erausfuerderung.

De Sol huet de Modell mat de Lego-Stécker gebaut, déi d'Famill schonn doheem hat. Dobäi huet hie kreativ Léisunge misse fannen, well net all déi Stécker déi hie gebraucht hätt, gouf et och wierklech bei hinnen. Säi Papp Patrick huet de Projet duerno digital weiderentwéckelt. Mat enger Software konnt hien d'Konstruktioun virtuell nei opbauen an dobäi op eng vill méi grouss Auswiel u Lego-Stécker zeréckgräifen.

Groussen Interessi och international

D'Nouvelle vum zukünftege Lego-Set huet mëttlerweil wäit iwwer Lëtzebuerg eraus fir Opmierksamkeet gesuergt. Och Daft Punk selwer hunn de Projet an hire soziale Medien thematiséiert.

De Patrick Harboun ass besonnesch vun de Reaktioune beandrockt. Sengen Observatiounen no krut den Daft-Punk-Projet op der Lego-Plattform ronn zwee- bis dräimol esou vill Kommentaren a Likes wéi aner Annoncen. Fir hie weist dat, wéi staark sech d'Communautéite vun de Lego- an Daft-Punk-Fans iwwerschneiden. Am Laf vun 2027 soll d'Pyramid offiziell als Lego-Set ze kafe sinn. Fir de Patrick an de Sol Harboun ass dat d'Resultat vun enger Iddi, un där si iwwer Jore geschafft hunn.

Ob de Papp a säi Jong duerch dëse Succès och enges Daags hir musikalesch Idoler vun Daft Punk perséinlech treffe wäerten, wollte si eis awer net soen.

Back to Top
CIM LOGO