
Wie gëtt eis eng Chance? Dat ass den éischte Saz vum Post, deen de Kris Richter e Sonndeg aus Verzweiwlung op Facebook setzt. De jonke Lëtzebuerger sicht eng Wunneng fir sech a säin Hond Ginger, an dat net réischt zënter gëschter. Ma de Rottweiler, deen zënter 7 Joer Deel vum Kris senger Famill ass, mécht d’Sich no engem neien Doheem net méi einfach.
Op all Annonce, op déi de Kris Richter sech mellt, heescht et: Keng Déieren erlaabt. A wann hie bis esouwäit kënnt, dass no der Rass gefrot gëtt, ass et spéitstens bei der Äntwert “Rottweiler” eriwwer. “Ech verstinn, dass een nach Thema Rottweiler a Kampfhond am Kapp huet. Mä ech wënscht mir, ech kéint mäin Hond wéinstens eng Kéier virweisen, fir dass si selwer gesinn, wéi léif a brav hatt ass”, sou de Kris Richter.

Den 31 Joer ale Mann hat et déi lescht Jore schonn net einfach. Hien leit zënter 8 Joer u schwéieren Depressiounen, wunnt nach bei sengen Elteren an huet d’lescht Joer seng Aarbecht missen opginn, fir am Ausland an Therapie ze goen. Zanterdeem geet et fir de Kris biergop a fir endlech op eegene Been ze stoen, sicht hien dann elo zënter Méint eng Wunneng. Seng Rottweiler-Damm Ginger dofir opzeginn, kënnt fir de Lëtzebuerger awer net a Fro: “Fir meng Krankheet gëtt et näischt Besseres, wéi hatt u menger Säit ze hunn.”
Iwwert d’Grenz erauszeplënneren, huet de Kris sech schonn duerch de Kapp goe gelooss, mee “ech sinn hei zu Lëtzebuerg gebuer a grouss ginn. An ech liewe gären hei a wëll dëst och gäre weiderhin.”
Op der Sich no Hëllef huet de Kris Richter sech och schonn un den Office Social geriicht. Ma hei wier et als Eenzelpersoun mat Hond och net einfach, eng Wunneng ze kréien.
A senger Verzweiwlung huet de jonke Lëtzebuerger dunn decidéiert, op Facebook en Opruff ze lancéieren. Dat mat engem kloren Hannergedanken: “Well ech do d’Méiglechkeet hat, eng Foto ebe mat mengem Mupp ze maachen an esou d’Méiglechkeet hat, mat där Foto Leit ze erreechen, well et jo soss direkt scho beim Schreiwe vun engem Hausdéier gescheitert ass.”

An dëse Post gouf och massiv gedeelt a kommentéiert. De Kris Richter huet hei eng ganz Partie Offeren erakritt, déi hien elo duerchschafft. Wann et och hei iwwerall Neen heescht, dann huet hie just nach eng Iddi: E Chalet um Camping lounen. Och hei bezilt ee mëttlerweil méi wéi 1.400 Euro an et dierf ee sech net offiziell umellen.
Mat ageschränktem Budget zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze fannen, ass schonn ouni Hausdéier net einfach. Wann dann nach en Hond dobäi ass, kann dat eng richteg Erausfuerderung sinn, wéi een et um Beispill vum Kris Richter gesäit. Tatsächlech ass dëst awer komplett legal. Wéi eis de Konsumenteschutz scho viru méi wéi engem Joer erkläert huet, gëtt et zu Lëtzebuerg kee Gesetz, wat et Proprietären ënnerseet, d’Hale vun Hausdéieren ze verbidden. Esou dass et och weiderhi fir Leit mat Hausdéiere warscheinlech net méi einfach wäert ginn, eppes ze lounen.