
© Shutterstock
Dass d'Situatioun um Wunnengsmaart net einfach ass, ass kee Geheimnis. Ass de Budget net de Probleem, da villäicht d’Hausdéier.
Déi meeschte Leit, déi en Hausdéier besetzen an déi lescht Joren eng nei Wunneng gesicht hunn, wäerten de Problem kennen. Et kuckt een d’Annoncen oder mëllt sech bei enger Agence. De Budget passt, mee «Ah nee Hausdéiere sinn hei net erlaabt». Mir hunn op enger bekannter Lëtzebuerger Immobiliëplattform nogekuckt. Méi wéi 2.000 Wunnengen an Haiser ginn op dësem Site aktuell zu Lëtzebuerg verlount. Gëtt een dann un, dass een en Doheem sicht, wou Hausdéieren erlaabt sinn, fält de Choix däitlech méi moer aus. Mol net 50 Immobilië stinn engem hei zur Wiel. An dat wuelverstanen nach ouni ageschränkte Budget.
Dierf e Proprietär vu vir eran d’Hale vun engem Hausdéier verbidden?
Jo, zu Lëtzebuerg dierf en dat, confirméiert de Konsumenteschutz (ULC). Zu Lëtzebuerg gëtt et nämlech kee Gesetz zu dësem Sujet. All Proprietär huet also sëlwer d’Recht esou eng Klausel an de Contrat de Bail ze setzen. Am Fall wou esou eng Klausel am Kontrakt steet an de Locataire awer en Hausdéier an dëser Wunneng hält, kann de Proprietär de Kontrakt opléisen.
Am Fall wou esou eng Klausel net am Kontrakt steet an de Proprietär awer net mat engem Hausdéier averstanen ass, muss dësen e Schuet an der Wunneng virweise kënnen, fir de Kontrakt opzeléisen, erkläert de Konsumenteschutz.
An enger Residence ass et souguer sou, dass d’Klausel mam Hale vun Hausdéieren dacks an der Hausuerdnung festgehalen ass. Wann an dëser steet, dass an der Residence Déieren net erlaabt sinn, da mussen och Proprietäre vun enger Wunneng sech dodrun halen.