
Jidderee ka bei dësem Projet matmaachen. Dofir muss ee sech just eng Stonn tëscht dem 9. an dem 18. Juni Zäit huelen, fir sech an de Gaart ze sëtzen a verschidden Insekten ze zielen. Am beschte soll een dat maachen, wa gutt Wieder ass an op enger Plaz, wou net ze vill Loft ass. Wéi eng Insekten een ziele soll, weess d’Lieke Mevis vun Natur&Ëmwelt.
“Mir hunn eis 12 verschidden Insekten erausgesicht, déi gezielt gi bei dëser Aktioun. Et sinn alles relativ typesch Aarten, déi ee bei sech am Gaart fënnt. Do ass deen een oder anere Päiperlek dobäi, wéi zum Beispill “Tagpfauenauge” oder “der kleine Fuchs”. Mee mir hunn awer och d’Aakerbommel an d’Himmelsdéierchen, wat jidderee kennt.”
Bei dëser Initiativ geet et awer net just drëms ze zielen, wie wéi vill Insekten am Gaart huet.
“Mir wëllen d’Leit drop opmierksam maachen, datt et Insekte bei hinnen am Ëmfeld an am Gaart gëtt a wat fir eng verschidden Zorten dat sinn. Op deem Wee, villäicht och de Leit e bëssen d’Angscht huele virun deene klengen Déieren, déi esou krabbelen. Wann ee sech dann eng Kéier Zäit hëlt, fir sech dohinner ze sëtzen, fir e bëssen ze kucken, da léiert een déi Déieren och mol kennen. An erfarungsbedéngt, dat wat ee besser kennt, dat valoriséiert een och méi a fënnt een dann och méi schützenswäert.”
Et ass also net, fir op all Bei, Harespel oder Beel direkt mat der Schlapp drop ze schloen. Well ouni d’Insekte wiere mer schlecht drun. Si hëllefen eis op ville Plazen, dat seet och d’Lieke Mevis.
“An deene leschte Joerzéngten hate mer een immense Réckgang vun Insekten an dat ass wierklech besuergneserreegend. Also grad bei de Bestëbser, well mer déi jo awer brauchen. Iwwer 80 Prozent vun deene Saachen, déi mer iessen, sinn op Bestëbser ugewisen, fir datt mer se kënnen ubauen. A wa kee Bestëbser méi do ass, ass och keen do, deen déi Planz fir eis bestëbst. Dat ass schonn immens wichteg fir eis an awer och fir d’Biodiversitéit allgemeng.”
D’Resultater schéckt een dann einfach bei Natur&Ëmwelt eran. Dat geet am beschten iwwert den Online-Formulaire. Et kann een de Formulaire awer och erausdrécken an en da mat der Post verschécken. Vun all de Leit, déi matmaachen, ginn dann 10 Gewënner gezunn, déi flott Präisser gewannen. An et kascht natierlech näischt fir deelzehuelen.
Wann Dir gäre bei dëser Aktioun matmaache wëllt oder Iech einfach mol iwwert d’Insekten informéiere wëllt, da kuckt emol um Internetsite vun Natur&Ëmwelt.