Wéi eng Insekte ginn et zu Lëtzebuerg? Zielt mat!
Vum 9. bis den 18. Juni soll a kann ee bei sech am Gaart, am Bongert oder op enger Wiss kucken, wéi eng Insekten een do entdeckt.
Nieft dem Réckgang vun de Wantervullen hei am Land gëtt zanter e puer Joer och eng Baisse bei der Aartevilfalt vun den Insekten am Grand-Duché registréiert. Fir d'Trends vun de Populatiounen z'iwwerwaachen an d'Wëssen iwwert d'Insekten an der Bevëlkerung ze stäerken, rifft Natur&Ëmwelt zu der Insekten-Zielung "Méi wéi Beien! Ziel mat!" op. Mat der neier Zielaktioun erhofft sech d'Naturschutzorganisatioun, an den nächste Joren d'Bestänn vun den Aarten, déi méi dacks virkommen, souwéi d'Populatiounstrends besser aschätzen ze kënnen.
Vum 9. bis den 18. Juni soll ee sech dofir un engem sonnegen Dag a bei net ze lëftegem Wieder tëscht 10 a 16 Auer eng Stonn Zäit huelen, wärend där een d'Insektenaarte wéi Mécken, Bommelen oder Himmelsdéiercher zielt. Am beschte sicht ee sech dofir eng Plaz a sengem Gaart, am Bongert, op enger Wiss oder an engem Park, wou et vill Narung a Form vu Bléie gëtt. De Beräich, deen ee kuckt, soll awer an engem Radius vun net méi wéi 10 Meter ronderëm ee sinn. Mat der Hëllef vun de Fotoen am Flyer vun Natur&Ëmwelt kann een dann 12 verschidden Aarte bestëmmen.
Och d'Enseignantë sinn opgeruff, mat hire Schoulklasse bei der Aktioun matzemaachen an de Schüler unhand vun Unterrechtsmaterial vun Natur&Ëmwelt d'Welt vun den Insekte méi nozebréngen.

© Natur&Ëmwelt