Nëmmen um Kapp huet de Scooter e puer wäiss Hoer, de Rescht vum Kierper ass plakeg, d’Zong hänkt eraus an déi hënnescht Bee si kromm... e bëssen änelt den “ellensten Hond op der Welt” sengem Virgänger aus dem leschte Joer. Dës Muppe si vläicht net am klassesche Sënn “schéin”, ma genee domat hu si sech déi éischt Plaz beim “World’s Ugliest Dog Contest” geséchert.
De Scooter, dee seng Meeschtesch Linda Elmquist als en “immens séisse Jong” bezeechent, war scho ganz Jonk an d’Déierenasyl bruecht. Ma obwuel seng hënnescht Been deforméiert sinn, gouf hie vu senger Meeschtesch adoptéiert. Ouni Problem leeft hien op zwee Been an zitt den hënneschte Kierper no. Mat der Hëllef vun engem Gestell mat Rulle kann de Scooter “méi séier a méi laang Strecke lafen”, wéi d’Linda Elmquist erkläert.
De Scooter a seng Meeschtesch kënne sech elo iwwer e Präisgeld vun 1.500 Dollar an engem Fluch op New York frëen, wou de Champion an der Morning-Show vum Sender NBC ze gesi wäert sinn.

RTL-News: Skurrille Concours: De Mister Happy Face ass den “ellensten Hond vun der Welt” 2022